Schreiwt eis!
KONTAKT
Ee Neiufank fir Mäerzeg
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Léif Wielerinnen a Wieler,
E Sonndeg, 8. Oktober 2017, wielt Dir ee neie Gemengerot, besteeënd aus ning Memberen, deen dann déi nächst sechs Joer Mäerzeg verwalt an Är Intressie vertrëtt. Mir sinn eng Equipe vu ning Fraen a Männer - wéi d’Unzuel vun de Stëmmen déi Dir maximal kënnt verginn - déi sech forméiert huet mat engem gemeinsamen Zil: Äert Vertraue gewanne fir eng Majoritéit am nächste Gemengerot ze stellen.
Mir proposéieren eng aner Manéier fir Politik ze maache mat virun allem engem méi korrekten Ëmgang: ënnerteneen, mat Iech, mat eisen Noperen. Mir hunn eng aner Approche wéi d’Politik op lokalem Plang funktionnéiere kann a proposéieren Iech een innovative Programm dee mir mat Äerer Hëllef wëllen ëmsetzen.
(...)
Vu lénks no rechts: Fernando FERREIRA - Myriam HANSEN, ép. HOLZEM - Isabelle CONZEMIUS, ép. ELSEN - Stefano D'AGOSTINO - Mike POIRÉ - Pit RASQUÉ - Cathy MEURISSE, ép. HOFFMANN - Mady WEBER, ép. BORMANN - Patrick WANTZ