
Éducatrice diplômée a Bauerefra • 32 Joer
Mady WEBER, ép. BORMANN
D’Mady Weber ass gebierteg vun Tënten a wunnt säit zing Joer zu Mäerzeg. Zënter 2013 ass hatt mam Joé Bormann bestued a si hunn zwee Jongen: de Lex (8 Joer) an de Leo (6 Joer).
No der Primärschoul zu Tënten war d’Mady um Fieldgen an der Stad fir no der 12ième Technique générale um Institut d’études éducatives et sociales zu Léiweng/ Fenteng seng Ausbildung als Éducatrice ze maachen.
Duerno huet d’Mady siwe Joer zu Ettelbréck an der Crèche vum Centre hospitalier du Nord geschafft. Am Summer 2013 huet hatt decidéiert fir haaptberuflech mat sengem Mann a senge Schwéierelteren am Bauerebetrib ze schaffen. Ee Wonsch konnt esou an Erfëllung goe well d’Mady als Kand schon ëmmer gäer um Bauerenhaff ausgehollef huet a well hatt esou och fir a mat den Déieren ka schaffen. Virun allem kann d’Mady awer méi fir seng Kanner do sinn. Diploméiert Éducatrice a Bauerefra ze sinn ass eng perfekt Kombinatioun déi him et erlaabt als Mamm mat senger Famill um Bauerenhaff ze liewen an ze schaffen.
D’Mady ass een engagéierten a ganz gesellege Mënsch. A senger Jugend zu Tënten war hatt Member vum lokalen Theaterclub, gären op der Bühn an och Comitésmember. D’Mady war och ee Grënnungsmember vum neie Club des Jeunes a während e puer Joer dreiwend Kraaft am Comité. Vun 2002 bis 2006 war hatt aktive Member bei der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Zenter Asbl.
„Als Mamm, Éducatrice an als Mënsch läit mir d’Wuel vun alle Kanner an alle Matbierger um Häerz. Ech si frou an enger engagéierter Equipe ze sinn an hoffen d’Chance ze kréie mech aktiv un engem Neiufank ze bedeelegen, virun allem wat d’Relatiounen tëscht der Schoul an der Gemeng betrëfft.“

Bauer • 24 Joer
Patrick WANTZ
De Patrick Wantz ass an der Stad Lëtzebuerg gebuer an huet nach ëmmer zu Mäerzeg gewunnt. No der Primärschoul huet de Patrick am Dikrecher Kolléisch eng Première D gemaach, mam Schwéierpunkt Économie an dem Projet Mini-Entreprise.
Vu klengem un ass de Patrick naturbegeeschtert a schafft gär mat Déieren, sou dass hien dacks bei sengem Monni um Bauerenhaff gehollef huet. Säit 2013 schafft hien dann och haaptberufflech am Bauerebetrib.
Sangen huet dem Patrick nach ëmmer Freed gemaach. Hien ass säit 2007 an der Chorale Sainte Cécile Mäerzeg, dem Männerchouer dee säit e puer Joer och zesumme mat der Chorale Sainte Cécile Feelen, een Dammenchouer, optrëtt. 2012 huet hien sech an de Comité gemellt an huet de Poste vum Tresorier iwwerholl. Zënter 2011 ënnerstëtzt hien och de Männerchouer Lyra vun Ettelbréck dee regelméisseg ee grousse Concert am Centre Turelbaach hei zu Mäerzeg séngt. Zënter 2015 ass de Patrick och Member am Kiercherot wou hien alles dru setzt fir dass „d’Kierch am Duerf bleift“. Säit e puer Joer ass hien och Member am Opsiichtsrot vun der Caisse Raiffeisen Dikrech-Feelen.
Dem Patrick seng aner Hobbye si Mountainbike fueren, trëppele goen, kachen a baken.
Vu klengem un huet de Patrick sech ëmmer fir Politik interesséiert an duerfir huet hien seng Kandidatur fir dës Gemengewahle gestallt an hofft op eng breet Ënnerstëtzung vun der Equipe.
„Ech setze mech dofir an dass Mäerzeg och an Zukunft esou eng schéin Naturlandschaft a Liewensqualitéit huet.“

Theolog • 25 Joer
Pit RASQUÉ
De Pit Rasqué ass gebierteg vu Mäerzeg, wou hien och an d’Primärschoul gaang ass.
No der Première zu Dikrech am Kolléisch huet hie während engem Joer zu Tréier studéiert fir och verschidde Stagen a soziale Beräicher, ënnert anerem bei der Fondation Tricentenaire a beim Deutschen Caritasverband, ze maachen. 2013 ass de Pit op Freiburg geplënnert fir op der Albert-Ludwigs-Universität säi Studium an der Theologie an an der Philosophie unzefänken. Am Summer 2016 huet hie säi Bachelor fäerdeg gemeet a bereet sech elo op säi Master vir. Zu Freiburg engagéiert de Pit sech dann och benevole an enger däitscher Studenteverbindung wou hie virun allem jonke Studenten déi nei an der Stad sinn, eng Stäip ass.
Mäerzeg ass fir de Pit méi wéi just dat Duerf wou hie wunnt. Et ass seng Heemecht an där seng Elteren, Grousselteren an Urgrousselteren säit Generatioune gelieft, gewunnt a geschafft hunn an hien nohalteg gepräägt hunn. Well him den Erhalt vum Patrimoine vum Duerf, seng Geschicht a seng Gebräich wichteg sinn, ass hie säit senger Lycéeszäit Member bei de Mäerzeger a Viichter Geschichtsfrënn an engagéiert sech säit senger Kandheet an der Kierch, wou hie säit Joren hannert de Kulissen an der Koschterei mathëlleft.
A senger Fräizäit spillt de Pit klassesch Gittar, liest gären an deelt mat senger Verlobten seng Passioun fir d’Natur. Hien ass säit 2016 dee jéngste Member vum Konstantinuerden zu Lëtzebuerg an deem hie sech fir chrëschtlech Hëllefsprojeten, haaptsächlech an Afrika asetzt. Säit 2016 engagéiert de Pit sech och parteipolitesch.
„Nëmme wa mer wëssen, wou mer hierkommen a wee mer sinn, an eis kritesch domadder auserneesetzen, kënne mer eis mat guddem Gewëssen den Erausfuerderunge stellen déi an Zukunft op eis waarden. Duerfir ass et wichteg, dass Geschicht an Traditiounen nit verluer ginn, well een Duerf ouni Traditiounen ass een Duerf ouni Séil.“

Jurist • Schäffen vun 2005 bis 2011 • 38 Joer
Mike POIRÉ
De Mike Poiré ass gebierteg vu Mäerzeg an zënter 2009 mam Simone Feis gepacst.
No der Primärschoul huet de Mike am Dikrecher Kolléisch d’Première gemaach fir du vun 1999 bis 2006 zu Nanzeg Droit a Politikwëssenschaften ze studéieren. Seng berufflech Statioune waren d’Affekoten-Etüd Wildgen an der Stad, d’Handwierkerkummer, de Wirtschaftsministère an zënter 2011 de Staatsrot.
Zu Mäerzeg huet de Mike seng ganz Jugend Fussball gespillt an hat och schéi Momenter an de lëtzebuerger Nationalkaderen U14 an U16.
Dem Mike säi politescht Engagement geet op d’Studentejoren zréck wou hien och déi éischt Erfahrungen an der Parteipolitik konnt sammelen. Als jonke Jurist war hien 2005 fir d’éischt Kandidat a senger Heemechtsgemeng an ass als Zweetgewielte direkt zum Schäffen designéiert ginn. 2011 war hie rëm den Zweetgewielte, mee fir seng „Equipe“ hat de Wielerwëllen déi Kéier keng Bedeitung méi. De Mike konnt säi Mandat am Gemengerot net unhuelen. Déi aktiv Politik huet hien dunn un de berühmten Nol gehaang, awer ni aus den Aen verluer.
Dem Mike seng aner Passioun ass d’Musek déi hien säi ganzt Liewe scho begleet an ouni déi keen Dag vergeet, sief et lauschteren, spillen (Piano, Keyboards, Akkordeon, …), sangen, arrangéieren, improviséieren oder just driwwer liesen.
„Mäerzeg a seng Awunner hunn eng besser Politik verdingt, virun allem eng aner Manéier fir mateneen ze schaffen. D’Zäit ass komm wou d’Gemeng een Neiufank brauch. Mat eiser Equipe kucke mir konsequent no vir a proposéieren ee Programm dee mir, mat Ärer Ënnerstëtzung an Hëllef, déi nächst sechs Joer wëllen ëmsetzen. Ech sinn houfreg op eis ning Kandidaten déi all hir Kompetenzen an Energie an den Dingscht vun der Allgemengheet wëllen investéieren.“

Ressources humaines • 38 Joer
Cathy MEURISSE, ép. HOFFMANN
D’Cathy Meurisse ass gebierteg vu Biissen a wunnt zënter 2011 zu Mäerzeg. Hatt ass bestued mam Joe Hoffmann. Si hunn zwee Kanner: de Luca (7 Joer) an d’Anna (2 Joer).
No der Première zu Dikrech am Kolléisch huet hatt de BTS (graduat) an der École de Commerce et de Gestion (ECG) zu Lëtzebuerg gemaach.
D’Cathy huet seng berufflech Carrière am Personalbüro vu Goodyear Luxembourg Tires S.A. zu Kolmer-Bierg ugefaang. Nodeems hatt seng Leidenschaft fir d’Gestioun vu Paien a Personal entdéckt hat, huet hatt no enger fënnefjähreger Erfahrung an dëser internationaler Gesellschaft decidéiert fir säi Wee bei méi lokale Patronen wéi d’Fiduciaire Arend & Partners S.à r.l. zu Miersch an dem Personalbüro vum Centre hospitalier du Nord zu Ettelbréck weiderzegoen. Schlussendlech schafft d’Cathy elo an de Ressources humaines vum Comptabilitéits- a Steierbüro Fisogest S.A. zu Lëtzebuerg.
Nierft senger berufflecher Carrière a senger Roll als Mamm, engagéiert d’Cathy sech zënter Joren och an engem Veräin: schon als Kand huet hatt Tennis gespillt a geréiert elo mat sengem Mann den Tennisclub vu Biissen wou hatt Sekretärin ass.
D’Cathy kacht gär an organiséiert och Evenementer, sief et fir d’Famill, am Beruff oder am Club.
Prett fir nei Iddien a mat engem oppenen Ouer fir jiddereen, investéiert d’Cathy sech gären an nei Projeten.
„D’Erzéiung vun de Kanner, dee gudde Fonctionnement vun de schouleschen an ausserschouleschen Institutiounen, eng gutt Relatioun tëscht de lokalen Associatiounen, den Awunner an der Gemengeverwaltung leie mir um Häerz. Dofir ass et immens wichteg fir souwuel eng Schoulkommissioun mat Membere vum Enseignement a vun ausserschouleschen Institutiounen wéi och eng Fräizäitkommissioun mat Vertrieder vun de lokalen Associatiounen op d’Been ze stellen, déi esou fir eng gutt Zesummenaarbecht tëscht deene verschiddenen Akteure suergen.“

Léierin • 44 Joer
Myriam HANSEN, ép. HOLZEM
D’Myriam Hansen wunnt säit senger Gebuert zu Mäerzeg. Hatt ass bestuet mam Steve Holzem a si hunn zwee Bouwen: de Noah (10 Joer) an de Numa (7 Joer).
No der Primärschoul ass d’Myriam op Dikrech an de Kolléisch gaang, wou hatt 1992 d’Première gemaach huet. Vun 1992 bis 1995 huet hatt zu Virton Pédagogie studéiert. D’Myriam ass zënter 22 Joer Léierin zu Useldeng an der Primärschoul.
D’Myriam war während 25 Joer aktiv Musikantin an der Mäerzeger Musek. An där Zäit huet hatt och an der Chorale Sainte Cécile Mäerzeg - ee renge Männer-Chouer - déi weiblech Rollen an der deemoleger Theaterequipe iwwerholl, déi ëmmer flott Stécker presentéiert huet. Laang Joren huet d’Myriam och um traditionellen Niklosbal vun der lokaler Sektioun vun der Croix-Rouge den Housécker gespillt.
Als Mamm an als Schouljoffer ass et him besonnesch wichteg, dass déi aktuell Boboen an a ronderëm d’Mäerzeger Schoul zum Wuel vun den Enseignanten an och de Schoulkanner endlech behuewe ginn.
Seng Fräizäit verbréngt d’Myriam am léiwste mat sengem Mann a senge Kanner. Zesumme fuere si ganz gäre Velo oder spille Gesellschaftsspiller. Spaass huet hatt och um Baken, um Piano spillen an um Liesen.
Dofir ass fir d’Myriam elo dee richtege Moment komm fir sech a senger Gemeng politesch z’engagéieren. Zevill grouss sinn d’Mëssstänn ginn, déi hatt elo zesumme mat senger Equipe behiewe wëll.
„Ech wier frou, wann déi Mäerzeger Bierger sech Zäit géifen huele fir eise Programm am Detail duerchzeliesen, fir esou een Iwwerbléck ze kréien, woufir mir eis wëllen engagéieren a wat mir wëllen ännere fir op déi Manéier ee Neiufank fir Mäerzeg ze woen.“

Elektriker • 42 Joer
Fernando FERREIRA
De Fernando Ferreira ass zu Klierf gebuer a wunnt säit Januar 2010 zu Mäerzeg. Hien ass bestued mam Carole Rieth an zesummen hu si véier Kanner: d’Hannah (10 Joer), d’Yana (9 Joer), de Jo (5 Joer) an de Leo (20 Méint).
Seng Primärschoul huet de Fernando 1986 zu Rammerich ofgeschloss. No dräi Joer am Dikrecher Kolléisch ass hien op Ettelbréck an de Lycée technique gewiesselt fir 1995 seng Ausbildung als Elektriker ze maachen.
Vun 1995 bis 1997 huet de Fernando bei engem Elektrikerbetrib geschafft ier hien éischt Erfahrungen am Industrieberäich op der Goodyear zu Kolmer-Bierg konnt sammelen, fir d’éischt an der Produktioun an dunn am chemische Labo. Zënter 2002 schafft de Fernando als Caténairiste bei der CFL.
A senger Fräizäit ass de Fernando virun allem am Rettungswiesen engagéiert. Ganz fréi huet hien do seng grouss Leidenschaft entdeckt: ugefaang 1986 zu Rammerich bei de Jugendpompjeeën, du vun 1992 bis 1998 Jugendleeder, vun 1998 bis 2014 Kantonalinstrukter fir de Kanton Réiden an zënter Januar 2015 Regionalinstrukter fir de ganzen Norden. Parallel dozou ass hien och vun 1994 bis 2008 Ambulanz gefuer an den Zentre Bungeref an Ettelbréck. Als Kand huet de Fernando och Fussball zu Rammerich gespillt. Ausserdeem spillt hien zënter puer Joer regelméisseg Theater zu Wahl mam Veräin Schabaudien.
„Als Kand vun enger eleng erzéiender Mamm, deen di mënschlech Wäerter an de Respekt vis-àvis vun de Mënschen kennt, an dee ganz vill Zäit an d’Wuelergoe vun senge Matbierger investéiert, sinn ech frou mat dofir ze suergen dass d’Mäerzeger Awunner am Noutfall op eng adequat a professionnell Hëllef kënnen zréckgräifen. Dernierft sollen eis Bierger den Teamgeescht an den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft matfuerderen a verstäerken. Ech sinn houfreg Deel vun dëser jonker an dynamescher Equipe ze sinn wou all Eenzelne seng Stäerkten a verschiddene Beräicher huet. Ech hoffen d’Chance ze kréie mech aktiv un engem Neiufank fir eis Gemeng kënnen ze bedeelegen.“

Politolog • Gemengerot zënter 2011 • 29 Joer
Stefano D’AGOSTINO
De Stefano D’Agostino wunnt scho vu klengem un zu Mäerzeg wou hien och an d’Primärschoul gang ass. Zënter sechs Joer vertrëtt hien d’Bierger am Gemengerot.
No der Première am Dikrecher Kolléisch huet hien op der Université Libre de Bruxelles Politikwëssenschaften studéiert, mat Spezialisatioun op europäescher Legislatioun.
De Stefano huet och méi wéi zing Joer laang zu Mäerzeg Fussball gespillt. Mat senger Frëndin deelt hien eng Passioun fir Theater. Allen zwee sinn bei de Mäerzeger Fonkerten aktiv.
De Stefano schafft als Beoptraagte fir Ëffentlechkeetsaarbecht am Europaparlament. Am Informatiounsbüro zu Lëtzebuerg suergt hien dofir, fir de Lëtzebuerger d’EU an d’Aarbecht vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert méi no ze bréngen. 2016 huet hie mam Viviane Reding um Buch „Roaming - Der Kampf von David gegen Goliath“ matgeschafft. Virdrun war hien zwee Joer am Ausseministère. 2013-14 war hien Assistent vum Astrid Lulling am Europaparlament, als Beroder an de Beräicher Landwirtschaft, Fraerechter, Wirtschaft a Währung.
Politesch ass de Stefano säit Joren engagéiert. Nieft der Gemengepolitik ass hien och parteipolitesch aktiv.
A senger Fräizäit liest a schreift de Stefano immens gären, a verbréngt vill Zäit mat senger Famill.
„Trotz Analphabetismus hu meng béid Bomen sech duerch d’Liewe gekämpft. Meng bescheiden Originnen hu mir gewisen, dass Wierder net duer ginn – et muss een handelen, wann een eppes bewierke wëll. Dat ass mäin Zil fir d’Gemeng Mäerzeg. Ëmweltschutz, modern Infrastrukturen, Liewensqualitéit, Biergerbedeelegung - all dës Elementer leie ganz vir am Programm vun eiser Equipe. Virun allem wëlle mir eng Kommunikatioun déi no un de Bierger ass. Tëschemënschlech Relatioune sinn op mannst genau sou wichteg wéi di technesch Aspekter. Ech setze mech dofir an dass zu Mäerzeg eng Politik aus engem Goss gemaach gëtt. Duerch modern a partizipativ Initiative wéi d’Bicher-Box kann den Zesummenhalt an eisem Duerf gestäerkt ginn.“

Éducatrice graduée • 33 Joer
Isabelle CONZEMIUS, ép. ELSEN
D’Isabelle Conzemius ass bestuet an huet zwee Kanner: de Yannis (6 Joer) an de Mathis (4 Joer). Hatt ass an der Stad op d’Welt komm a wunnt säit senger Gebuert zu Mäerzeg.
No der Primärschoul huet d’Isabelle zu Ettelbréck an der École privée Sainte-Anne d’Schoulbänk gedréckt an huet do mat Succès d’Sektioun paramédicale et sociale ofgeschloss. Duerno ass hatt an den Institut d’études éducatives et sociales zu Léiweng/Fenteng gaang fir de Beruff vun der Éducatrice ze léieren. Uschléissend huet d’Isabelle op der Uni Lëtzebuerg de Bachelor en sciences sociales et éducatives gemaach. Säit ning Joer schafft d’Isabelle am soziale Secteur als Éducatrice graduée an zënter puer Joer am Internat Sainte-Anne zu Ettelbréck.
D’Isabelle weess vu Kand u, wat Gemengepolitik ass. Bei him doheem war dat dagdeeglech een Thema duerch de politeschen Engagement vu sengem Grousspapp a vu sengem Papp déi allebéid iwwert laang Joren d’Geschécker vun der Gemeng Mäerzeg matgeleet hunn. Freed an Interessi un der Politik huet d’Isabelle well säit senger Jugend a vun do un ass hatt och parteipolitesch engagéiert.
Laang Jore war d’Isabelle an der Mäerzeger Musek an am Turnveräin Alouette zu Kolmer-Bierg aktiv. A senger Fräizäit reest hatt vill an deelt gäre flott Momenter mat senger Famill.
„No bei de Leit, dem Bierger nolauschteren, Brécke bauen an aktiv mat schaffen fir eis Gemeng no vir ze bréngen, dat ass mir wichteg. Ech wëll d’Problemer an d’Suerge vun de Bierger eescht huelen. Mir musse prett sinn fir d’Erausfuerderungen ze meeschteren, déi op eis Gemeng duerkommen. Ech wëll dofir matgestalten a Responsabilitéit fir d’Gemeng Mäerzeg a seng Awunner iwwerhuelen. Ech sinn houfreg fir iwwert Méint mat eiser Equipe een ëmfangräiche Programm konnten op d’Been ze stellen an hoffen dass mir deen och esou kennen ëmsetzen.“

