top of page

1. ENG MODERN A BIERGERNO GEMENG

Programm: Project
Mertzig 23-1-19.jpg

a. Informatioun a Kommunikatioun

Traditionell a modern Kommunikatiounsmëttel. Mir hunn eis Gemeng kommunikatiounstechnesch mat engem neien modernen Internetsite an enger CityApp fir Android an iOS mat Push-up Funktioun nei opgestallt. Elektronesch Informatiounstafelen an den Haaptagäng vu Mäerzeg, eng digital Borne beim inklusiv renovéierten Gemengenhaus, den e-Reider, d’Noperschaftsnetzwierk Hoplr wéi och d’sozial Reseauen kompletéieren d’Offer. Donieft sinn a bleiwen déi traditionell Formen fir d’Kommunikatioun wéi eise neien Gemengebuet „Martiaco“, Schoulbuet „Maarkollef“ wéi och d’Flyer „toutes-boîtes“ weiderhin wichteg Informatiounskanäl.

 

Et gëllt dës nei Outilen ze optimiséieren an auszebauen fir se ëmmer nees unzepassen un den technesche Fortschrëtt. An deem Sënn kombinéiere mir an Zukunft beschtméiglech eis traditionell a modern Kommunikatiounsmëttel wou an Zesummenaarbecht mam Gemengepersonal méi Regelméissegkeet a System geschaf ginn.

 

Nei Funktiounen wéi z.B. de Report-it um neien Internetsite an och der CityApp wou d’Bierger ganz einfach via Handy dem techneschen Service vun der Gemeng Mängel oder Defekter bei ëffentlechen Infrastrukturen kënne matdeelen optimiséiere mir, wéi och de Chantier-Management wou d’Gemeng nach besser iwwert aktuell a bevirstoend Chantieren kommunizéieren kann.

 

Personaltechnesch hu mir dofir och weider Aarbechtsplaze geschaf wou ab Oktober eise techneschen Déngscht an der Verwaltung nach verstäerkt gëtt duerch eng Persoun déi e.a. och d’Aarbechten vum „Travailleur désigné“ a Sécherheetsbeoptragten iwwerhëllt. Dëst wäert zu méi Effikassitéit tëscht de Gemengeservicer féieren.

 

Digitalisatioun. Mir hunn d’Buch „Mäerzeg 2000“, wat leider vergraff ass, digitaliséiere gelooss iwwert de Leader-Projet ARNU (Archives régionales numérisées). D’Zil vun dësem Projet ass d’Erhale vum kulturellen an historeschen Ierwen duerch Digitaliséierung an Indexéierung vun Dokumenter. D’Asbl Autisme Luxembourg vu Biekerech krut esou den Optrag fir dëst eemolegt Wierk ze scannen. Dat ganzt Buch ass online disponibel op mertzig.lu. Am selwechte Kontext ass och d’Publikatioun „Eppes mateneen erliewen – 2011“ digitaliséiert ginn, wéi och d’Gemengeblieder déi ab 2005 eraus komm sinn. Mir setzen eis dofir an dass dësen digitalen Archivage weider ausgebaut ka ginn.

 

Mediathéik. Dank dem Engagement an der Hëllef vu ville lokalen a regionalen Fotografen huet sech eng riseg Datebank opgebaut mat schéine Biller aus eiser Gemeng déi mir an Zukunft an enger online Mediathéik op mertzig.lu zur Verfügung stellen fir esou och iwwer Joren een Abléck an Evenementer, Baustellen oder Veräinsaktivitéiten ze erméiglechen.

 

Virtuell Visitten. Mir hunn op der neier Internetsäit eng virtuell Visitt vun eiser Gemeng ageriicht wou e mat puer Klicks op verschidde Plaze vun der Gemeng kucke ka goen. Dës virtuell Visitt gouf och z.B. ugebueden wärend der ganzer Zäit vum Chantier vum Gemengenhaus.

 

Spezialeditioun „Martiaco“. Grouss Reformen wéi z.B. d’Refonte vum PAG hu mir an enger Spezialeditioun vum Gemengebuet presentéiert fir esou de Bierger beschtméiglech ze informéieren. Grouss laangfristeg Projeten wéi z.B. d’Entwécklungskonzept ronderëm d’Turelbaacher Schlass oder grouss Evenementer sinn an der Maach a ginn dëse Summer nach publizéiert.

Mertzig 23-1-2.jpg

b. Déngscht um Bierger

Biergerbüro mat flexibelen Ëffnungszäiten. Déi nei inklusiv renovéiert Gemeng ass als moderne Biergerbüro opgestallt gi mat méi flexibelen Ëffnungszäiten wou gängeg Verwaltungsvirgäng séier, frëndlech an onkomplizéiert gemaach kënne ginn. Mir hunn eng „Ouverture matinale“ agefouert fir dem Bierger nach méi entgéintzekommen bei den administrativen Demarchen. Well d’„Ouverture nocturne“ kaum nach genotzt gouf hu mir déi an Ofsprooch mam Gemengepersonal fale gelooss.

 

Gutt forméiert Gemengepersonal. D’Gemengepersonal spillt eng wichteg Roll am Kontakt mat de Bierger, souwuel wat d’Administratioun wéi d’Regie betrëfft. D’Gemeng ass e fortschrëttlechen Employeur a stellt duerch nei, motivéierend Konzepter sécher, dass d’Mataarbechter déi villfälteg Aufgaben professionell uginn an déi zur Zefriddenheet vun de Bierger erfëlle kënnen. Och an d’Zukunft ass et d’Aufgab vun der Politik de beschte Kader ze garantéieren fir dass déi verschidde Gemengeservicer hiren Job héichmotivéiert an am Déngscht vun alle Bierger an am géigesäitege Respekt ausfëlle kënnen.

 

Reorganisatioun vun de Servicer. Am Dialog mat der Equipe hu mir d’Aarbechten an d’Responsabilitéiten nei opgedeelt. En Organigramm gouf opgestallt a verschidde Servicer geschaf fir déi verschidde Beräicher an Aufgaben. Fir méi Effikassitéit a Flexibilitéit kënnen ze garantéieren, gräife mir bei Bedarf verstäerkt op Beschäftegungsinitiativen zréck oder iwwerloosse bestëmmten Entretien-Aarbechte spezialiséierte Firmen, wat d’Gemengeservicer organisatoresch dann entlaascht.

e-Mäerzeg. Duerch déi nei digital Offer hu mir nieft dem e-Reider schonn eng ganz Rei online administrativ Demarchen, fir d’Bierger an d’Veräiner, en place gesat. Dës Offer soll an Zukunft weider optimiséiert an ausgebaut ginn. Mir hunn agefouert dass d’Gemengerechnunge just nach iwwert Email kënne geschéckt, oder ganz einfach via Payconiq bezuelt kënne ginn. Mir hunn an digital intelligent Waasserzäler investéiert déi no a no an all Haushalt installéiert ginn. Dës erméiglecht méiglech Fuitten doheem oder am Reseau direkt ze detektéieren. 

 

Kommunal Mediatiounsstell. Mir hunn een onofhängegen a neutralen „Service de Médiation“ agefouert wou Konflikter ënnert Noperen an de meeschte Fäll dank professioneller Hëllef einfach a gratis geléist kënne ginn.

Mertzig-22.jpg

c. Transparenz

Gemengerotssitzungen. Déi komplett Rapporten vun den ëffentlechen Gemengerotssitzungen si permanent online wéi am „Martiaco“ verfügbar. D’Redaktioun an den Zäitpunkt vun der Publikatioun wëlle mir awer an Zesummenaarbecht mam Gemengepersonal duerch gezilt Methoden optimiséieren.

 

Aarbechtssëtzungen. Aus reng politescher Siicht a fir esou transparent wéi méiglech ze sinn huet de Schäfferot reegelméisseg Aarbechtssëtzungen mam Gemengerot agefouert fir esou iwwert all usteeënd Projeten a noutwendeg Reformen ausféierlech ze debattéieren mam Zil de beschtméigleche Kompromëss ze fannen a komplizéierten Dossieren, zum Wuel vun der Allgemengheet. Dëst huet dozou geféiert dass de ganze Gemengerot konstruktiv fir d’Saach geschafft huet an dass keng onnéideg Zäit an der Präparatioun vu wichtegen Dossieren verluer ginn ass.

 

Online Zougang zu Dokumenter. Am Aklang vun der Dateschutzgesetzgebung stelle mir all administrativ Dokumenter onbegrenzt um Internetsite vun der Gemeng zur Verfügung. D’Offer op der Säit wiisst permanent a betrëfft dat komplett Liewen an der Gemeng.

d. Participatioun

 

Biergerpartizipatioun. Als Member-Gemeng vum Aktiounsgrupp LEADER Atert-Wark (LEADER ass eng Initiativ vun der europäescher Unioun an heescht „Liaison Entre Actions de Développement de l’Economie Rurale“) gëtt zu Mäerzeg d’Biergerpartizipatioun zënter Joren ganz grouss geschriwwen. Zënter 2017 hu mir eis verstäerkt agesat fir kee bausse vir ze loossen a fir eis Gemeng zesummen a participative Projeten weiderzëentwéckelen. Dat war virun allem de Leader-Projet #mertzig4all wou 2019 an 2020 reegelméisseg Workshops organiséiert gi sinn fir all d’Bierger, Kommissiounen, Entreprisen, Associatiounen an d’Gemengepersonal matzehuelen a wou all Iddi an Input an den éischten Gemeinwohlökonomie-Rapport 2020 gefloss sinn.

 

Gedankekëscht®. Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Integratiounsministère hu mir de participative Projet Gedankekëscht® - Iddieprotokoll fir déi „Al Schoul“ - am November an Dezember 2022 lancéiert. D’Resultat ass e komplette Rapport deen dëse participative Biergerprojet dokumentéiert an wou elo dësen Hierscht a Wanter ëmgesat gëtt. Aus der „Aler Schoul“ entsteet esou eist Bierger- a Veräinshaus oder d’„Maison du Bien commun“.

 

HOPLR. Mir hunn d’Noperschaftsnetzwierk Hoplr fir eis Gemeng agefouert, eng App a Websäit fir d’Noperschaft an d’Zesummeliewen an der Gesellschaft ze stäerken. Jiddereen deen an der Gemeng wunnt, ka sech aschreiwen an op eng einfach Manéier mat senge Noperen a Kontakt kommen fir sech z.B. géigesäiteg ze hëllefen oder Ënnerstëtzung unzebidden. Déi éischt Resultater an d’Benotzung si ganz villverspriechend. An Zukunft wëlle mir d’App erweideren mat enger Sondage-Funktioun wou d’Gemeng Ëmfroe ka lancéieren zu verschiddene Sujeten fir d’Leit nach méi an déi politesch Aarbecht anzebannen.

 

Vibrer local. De Site vibrerlocal.com ass och eng participativ Plattform déi mir de Veräiner a Kommissiounen presentéiert haten wou geziilt Aktivitéiten ënnert Gläichgesënnten organiséiert kënne ginn. Zemools fir d’Kommissiounsaarbecht wëlle mir dësen Outil verstäerkt asetzen.

 

Participative Budget. Mir analyséieren d’Méiglechkeet fir d’Konzept vum „participative Budget“ zu Mäerzeg anzeféieren. Dëst ass een Instrument fir all d’Bierger déi dem Schäfferot e Projet kënne presentéieren deen dann evaluéiert a chiffréiert gëtt an am Kader vun den Budgetsdebatten seng Plaz am Gemengebudget kéint fannen fir ëmgesat ze ginn.

 

Gemengekommissiounen. Mir setze weiderhin op dynamesch Kommissiounen, déi eist Duerf thematesch beräicheren an eise Bierger flott Veranstaltungen ubidden. Bei allem wat mir maache wëlle mir regelméisseg Avise vun de zoustännege Kommissioune froen. Och an Zukunft leeë mir ganz vill Wäert op eis Zesummenaarbecht mat de Gemengekommissiounen, a maachen elo schonn den Opruff un all d’Bierger fir sech an enger oder méi Kommissiounen ze engagéieren, esoubal se no de Walen nei besat ginn.

 

2. SCHOUL, KANNERBETREIUNG A JUGEND

Programm: Project
IMG_20230503_160437.jpg

a. Een optimalen Kader schafen

Zesummenaarbecht mat de Schoulpartner. Déi obligatoresch Gremien ronderëm d’Schoul an d’Educatioun hu mir nees aktivéiert. Am respektvollen Ëmgang an duerch den exemplareschen Engagement vun all den Acteuren hunn d’Schoulpartner, d.h. d’Léierpersonal, d’Educateuren, d’Schoulkommissioun an d’Elterevertrieder ënnert dem Impuls vum Schoulcomité an de Gemengeverantwortlechen erëm e positiivt Aarbechtsklima opgebaut, ganz am Interêt vun de Mäerzeger Kanner. D’Resultat ass de gemeinsame Projet: de Bau vum Projet intégré „Schoul & Maison Relais“ mat engem pedagogeschen Konzept wou sech déi komplett Planung an Architektur ronderëm d’Wuel vum Kand dréint. Eng Teamaarbecht wéi se am Buch steet a wou all d’Acteuren een immense Luef verdéngt hunn.

 

D’Mäerzeger Schoul kannergerecht gestalten. De Projet intégré „Schoul & Maison Relais“ ass de gréissten Investissement an der Geschicht vun der Gemeng Mäerzeg. Et ass déi Plaz wou d’Kanner de Bagage fir d’Zukunft kréien. Mir schafen eng kannergerecht schoulesch Infrastruktur fir ee méi motivéierend, gesond an altersgerecht Ëmfeld ze bidden. D’Qualitéit an d’Funktionalitéit vun den Infrastrukturen stinn dobäi am Fokus.

 

Héichwäerteg Container als Iwwergangsléisung. Mir si nei Weeër gaang fir der rasanter demografescher Entwécklung vun der Gemeng Rechnung ze droen an eis Loft ze ginn, fir déi nei Schoul a Maison Relais ze plangen. A kuerzer Zäit sinn 2018 qualitativ héichwäerteg Container opgeriicht ginn fir dass d’Schoul genuch Klassesäll hat a fir dass de legalen Agrément vun der Maison Relais gehéicht konnt ginn. Ab der Rentrée 2026 kann d’Gemeng déi zwee Containerbléck am Prinzip och zréck aus der Lokatioun ginn wat sech immens positiv op den ordinäre Budget wäert auswierken.

 

D’Schoul op engem Site. Et war de Wonsch vun all de Schoulpartner fir all d’Schoulklassen op engem Site ze regruppéieren. Fir dësem Wonsch nozekommen hu mir de Container wou d’Gemengeverwaltung vun 2020 bis 2022 installéiert ginn ass esou konzipéiert dass dono 5 Klassesäll kéinten amenagéiert ginn fir dass de Cycle 4 dann aus der „Aler Schoul“ bei der Kierch op de Schoulsite mat der Maison Relais kéint plënneren. No der Fäerdegstellung vun der neier Gemeng ass de Cycle 4 dunn am Januar 2023 riwwergeplënnert, nodeems d’Bürosraim als Klassesäll ëmgestalt gi sinn. Dëst erlaabt der ganzer Schoulcommunautéit elo e bessert Zesummeschaffen, och am Hibléck op de „Projet intégré“ wou déi 1. Phas fir d’Rentrée 2026 ofgeschloss ka ginn wann de Chantier no Plang verleeft.

 

3D-Maquette vum Masterplang. Eng digital 3D-Maquette vum neie Schoulsite ass online a gëtt een Abléck an déi verschidde Phasen vun der Entwécklung déi nächst Joren. Deelweis erlaabt d’Maquette och bis an d’Gebaier era kucke ze goen. De Schoulpartner hu mir dës Maquette rezent presentéiert. Den offizielle Grondsteen vun der neier Schoul gëtt um Dag vum Schoulfest den 12. Juli 2023 geluecht, a Presenz vum zoustännege Minister a natierlech de Mäerzeger Schoulkanner.

 

Séchere Schoulwee. Bei der Ausschaffung vum „Séchere Schoulwee“ huet 2019 eng Ëmfro bei de Schoulkanner an den Elteren erginn, dass d’Sécherheet an de Stroossen net garantéiert ass. Déi heefegst Aussoen waren dass ze séier gefuer gëtt an dass d’Automobiliste d’Prioritéit vun de Foussgänger net respektéieren. Mir hunn doropshin misste reagéieren a verschidde baulech wéi punktuell Mesuren ëmgesat. Fir d’Haaptstrooss zu de Spëtzestonnen ze entlaaschten, hu mir am Kader vun der Neigestaltung vum Parking hannert der Gemeng de Beräich „Kiss & Go“ geschaf. Sëlleg Pictogrammen a Beschëlderungen sinn dobäi komm fir de Schoulwee sou sécher wéi méiglech ze gestalten. An awer bleift nach vill ze verbesseren a mir wäerten nach verschidde Moossnamen mussen ënnerhuelen, an Ofsprooch mat e.a. den Elterevertrieder déi mir rezent an der Schoulkommissioun gehéiert hunn.

Verkéiersparcours. Am Kader vun de Renovatiounsaarbechten an der „Aler Schoul“ gëtt den Haff vum Gebai ganz kuerzfristeg nei macadamiséiert fir dann iwwert Marquage e Verkéiersparcours ze realiséieren. Do kënnen d’Kanner sech mam Dräirad, Go-Kaart, Trotinette oder Vëlo optimal op de Code de la route a Stroosseverkéier preparéieren.

 

Viraussetzunge fir digitalen Enseignement geschaf. Mir wëlle weiderhin dat beschtméiglecht Léierëmfeld fir d’Schoulkanner ubidden. Dozou gehéieren eng modern Ausstattung a genuch Informatikmaterial fir d’Schüler op d’Erausfuerderungen vun der haiteger Zäit virzebereeden. Fir d’Ziler ze erreechen sinn d’Budgeten an de leschte Joren ëmmer nees ugepasst ginn, an enker Zesummenaarbecht mam Schoulpersonal. Och an de nächste Joren soll beim Schoulbudget net gespuert ginn.

 

Zesummenaarbecht tëscht Schoul, Maison Relais, Crèche, Internat, Museksschoul a Veräiner weider fërderen. Wann d’Betreiung vun engem Kand a méi Hänn läit, ass eng koherent Zesummenaarbecht tëscht all den Acteure vu grousser Wichtegkeet. D’Aarbecht mat de Kanner soll permanent openeen ofgestëmmt sinn. Dofir hunn d’Schoulpartner sech zesumme mat der Gemeng fir de „Projet intégré“ entscheet mam pedagogesche Konzept „Lernlandschaft“. Dëse Modell wäert eis och an Zukunft erlaben fir d’Zesummenaarbecht tëscht der Schoul an der Maison Relais mam Internat, de Mäerzeger Veräiner konsequent ze verbesseren, virun allem och elo mam gratis Museksenseignement.

 

Museksenseignement. D’Mäerzeger Gemeng ass sougutt mat der UGDA wéi mam Conservatoire du Nord konventionnéiert. Zënter dem leschte Schouljoer ass de Museksenseignement zu Lëtzebuerg gratis. Esou kritt all Kand Zougang zu de Musekscoursen wou mir weiderhin alles drusetzen fir déi beschtméiglech Infrastrukturen unzebidden fir dass och eis Fanfare a Jugendmusek sech optimal ka weiderentwéckelen. Zousätzlech an dringend noutwendeg Säll fir eis lokal Museksschoul entstinn elo och an der „Aler Schoul“.

 

Mini-Mäerzeg. Mir wëllen och an Zukunft gemeinsam Initiative vum Léierpersonal, dem Betreiungspersonal an de Kanner ënnerstëtzen, z.B. bei der Gestaltung an Ëmgestaltung vu Schoul- a Fräizäitinfrastrukturen. De Mini-Mäerzeg an d’Vakanzenaktivitéiten sollen esou weider ausgebaut ginn fir all de Kanner déi bescht non-formal Bildung kënnen unzebidden.

 

Ëffnungszäiten vun der Maison Relais an der kommunaler Crèche. Mir hunn, an Ofsprooch mam zoustännege Personal, d’Ëffnungszäiten vun der Maison Relais an der kommunaler Crèche optimiséiert fir der Demande vun Elteren déi z.B. op Schichte schaffen, nozekommen. An Zukunft verschléisse mir eis do net virun weideren noutwendegen Adaptatiounen.

 

Mir iessen gesond, bio a regional. Et ass eis besonnesch wichteg, dass d’Kanner aus der Crèche an der Maison Relais vun enger gesonder an nohalteger Ernärung profitéiere kënnen. Et gouf rezent decidéiert nach ee Schrëtt weider ze goen an d’Lat, grad beim Akaf vun de Bio Liewensmëttel am Schoulrestaurant, bei der Ëmsetzung vum Projet „Natur genéissen“ vum SICONA nach méi héich ze setzen. Esou ass d’Iddi fir de Projet BIOMAX entstan deen de Gemengerot eestëmmeg gestëmmt huet. Zil vum Projet ass et de Kanner esouvill wéi méiglech biologesch, regional a virun allem saisonal Liewensmëttel unzebidden. Am normale Schoulbetrib leeë mir donieft och weiderhin vill Wäert op reegelméisseg Aktioune wéi „Schoulmëllech“ a „Schouluebst“ déi eng wichteg ernärungserzéieresch Roll fir d’Kanner erfëllen.

 

Nachhaltigkeit macht Schule. Mir hunn de Programm „Nachhaltigkeit macht Schule“ als parascolaire Aktivitéit an der Schoul agefouert. Et si Workshops an eng Sensibiliséierungskampagne déi vun Energieberoder a Grondschoulen mat vill Erfolleg ugebuede ginn. Dës Kampagne huet e groussen Impakt op d’Gesellschaft well d’Kanner di beschten Ambassadeuren a Multiplikateure sinn am aktive Klimaschutz. Si sinn déi Erwuessen vu muer.

 

„Jonk begéint Al“. Fir Brécken tëscht de Generatiounen ze bauen, wëlle mir d’Bildungsstrukturen an d’Veräiner alleguer weider encouragéiere fir gemeinsam Aktivitéite mat den eelere Matbierger z’organiséieren, e.a. och an Zesummenaarbecht mam Club Senior Nordstad deen elo ganz nei „Nordstad Aktiv+“ heescht. Och do kann a soll d’Gemeng sou wéi d’intergenerationell Kommissioun eng Vermëttlerroll iwwerhuelen. Dat neit Bierger- a Veräinshaus an der „Aler Schoul“ bitt an Zukunft och en optimale Kader fir dës Aktivitéiten.

 

Nei Sportshal. Ganz am Sënn vum opgestallte Masterplang gëtt et d’Aufgab vum neie Gemengerot, an enker Zesummenaarbecht mat de Schoulpartner an de Veräiner, déi nei Sportshal ze plangen. Am Kader vun der PAG-Refonte ass den Terrain hannert den aktuelle Container klasséiert ginn fir dëse Projet do kënnen ëmzesetzen. D’Dimensiounen vun der neier Hal erlaben nei Sportaarten wéi Handball a Basketball unzebidden an den Terrain kéint dann och an dräi onofhängeg Beräicher agedeelt ginn fir dass méi Veräiner gläichzäiteg d’Hal kënne benotzen. Eng Kloterwand wéi och aner funktionell Raim a Stockage-Méiglechkeeten fléissen an d’Planung eran.

 

Neie Bréckeniwwergaang. An de Masterplang opgeholl ass och e neien Bréckeniwwergaang fir déi aktuell kleng Strooss tëscht de Fussballterrainen bei der neier Buvette an de Vestiairen iwwert d’Baach weiderzezéien bis bei déi nei Sportshal. Aus architektonescher Siicht a fir PAG-konform ze sinn gëtt dës nei wichteg Investitioun och sou wäit wéi méiglech ënnerierdesch gebaut ginn fir d’Héischt vum Gebai sou déif wéi méiglech ze halen.

 

Naturnoe Schoulhaff. Am Kader vum Masterplang um Site ronderëm d’Schoulinfrastrukturen setze mir eis an fir ee villfältegen, inklusiven a faarwege Schoulhaff an der Natur. Mir wëllen, an Zesummenaarbecht mat de Kanner a Schoulpartner, en ofwiesslungsräiche Schoulhaff schafen wou d’Kanner sech an de Pausen an ausserhalb vun der Schoul kënne fräi entfalen.

 

Multifunktionellen Terrain. Am Kader vun neie Schoulhaff ronderëm déi nei Sportshal analyséiere mir d’Méiglechkeet e multifunktionellen Terrain ze plangen fir dass d’Schoulkanner, awer och d’Veräiner eng weider Infrastruktur kréien fir hir Aktivitéiten fir Jonk an Al beschtméiglech ze gestalten. Et wäert och analyséiert ginn ob dësen Terrain um Daach vun der neier Sportshal seng Plaz kéint fannen.

 

Schoulhoraire. Mir mussen och um lokale Plang mat de Schoulpartner Iwwerleeunge weiderféieren iwwert eng zäitgeméiss Schoulorganisatioun, virun allem och am Kader vum „Projet intégré“. An dësem Kontext sollte mir ons, wéi déi lescht Joer schonn, an enger ganzheetlecher Approche, mam Dagesoflaf vum Kand befaassen an ons d’Fro stellen, ob d’Schoulzäiten de Bedürfnisser vun de Kanner nach ugepasst sinn. Den Aarbechtsgrupp féiert seng Aarbechten zu dësem Sujet weider a mir bleiwen am Echange mam Educatiounsminister a mam Ombudsmann fir d’Rechter vum Kand, mam Zil en optimiséierten Horaire fir d’Schoul an d’Maison Relais fir Rentrée 2026 kënnen anzeféieren.

IMG_20230503_160709.jpg

b. D’Mäerzeger Jugend

Neie Jugendtreff. Am Kader vun der inklusiver Renovatioun vum Gemengenhaus hu mir an enkem Kontakt mam Club des jeunes fir d’éischt als Provisorium e neie Clubsall an der Industriezon gelount. Dëse Kontrakt ass elo ausgelaf an zesumme mat de Verantwortleche vum Veräin hu mir am Kader vum Projet Gedankekëscht® fir déi „Al Schoul“ zesumme no optimale Bedingungen gesicht fir d’Clubliewen. D’Conclusioun war dass d’Raimlechkeeten ënnert dem Daach vun der „Aler Schoul“ am Duerfkär perfekt sinn. Aktuell sinn d’Renovatiounsaarbechten am gaang an dësen Hierscht/Wanter soll dëst „Haus fir jiddereen“ seng Dieren opmaachen.

 

Aktiv an engagéiert fir eis Jugend. An Zesummenaarbecht mat de Partner vun der Gemeng am Jugendberäich - Nordstadjugend Asbl, Jugendtreff Réiden, Youth and Work - wëlle mir de Jonken am Kader vum neien Bierger- a Veräinshaus an der „Aler Schoul“ besser ënnert d’Aarm gräifen fir Aktivitéiten a Workshops zu den ënnerschiddlechsten Themen ubidden. Esou schafe mir Synergien mat dëse Partner an ënnerstëtzen déi Jonk konkret.

 

Kannerfoyeren. D’Fondatiounen SOS Kannerduerf a Kannerschlass hunn zu Mäerzeg Haiser kaaft a schafe kleng Foyeren wou Kanner a Jugendlecher den optimalen Encadrement kréien. Dës Fondatiounen kënnen eiser Gemeng duerch hir Aktivitéiten an hire Knowhow hëllefen a bedeelegen sech och an de Veräiner an am „Haus fir jiddereen“.

 

Subside d’encadrement. Eis Sport- a Kulturveräiner spillen eng immens wichteg Roll am Beräich vu Kanner- a Jugendbetreiung. Am Kader vun der Subsidiereform hu mir dofir e.a. e „Subside d’encadrement“ geschaf wou d’Veräiner eng zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung kréien am Beräich vum Betreiungspersonal wat d’Jugendaarbecht zousätzlech fërdert.

 

Neien Ulaaf fir e „Kanner- a Jugendgemengerot“. Mir wëllen dass d’Kanner an d’Jugend sou wäit wéi méiglech an Decisiounsprozesser, déi si direkt uginn, mat agebonn ginn. Eng Delegatioun vun der Jugend, ee sougenannte „Kanner- a Jugendgemengerot“ soll dofir reegelméisseg dem Schäffen- a Gemengerot iwwert eventuell Problemer a Wënsch rapportéieren. D’Iddien an d’Virschléi ginn an engem Kanner- a Jugendkommunalplang festgehal fir kuerz- a mëttelfristeg ëmgesat ze ginn.

 

Finanziell Ënnerstëtzung vun der Late Night Bus Norden Asbl. Mir ënnerstëtze weider d’Late Night Bus Norden Asbl déi virbildlech de sécheren Transport vun de Jugendlechen op verschidden Evenementer duerch de ganzen Norden koordinéiert.

3. ZU MÄERZEG LIEWEN, WUNNEN A SCHAFFEN

Programm: Project
EG3A3690.jpg

a. Liewen a wunnen

Nohalteg Entwécklung. Am Kader vum LEADER Projet #mertzig4all wou mir als éischt Gemeinwohlökonomie-Gemeng zu Lëtzebuerg zertifiéiert gi sinn (ecogood.org), hate mir participativ Biergeratelieren organiséiert wou jiddereen seng Iddien a Pläng fir d’Entwécklung vun eiser Gemeng konnt matdeelen: Verkéiersreegelung, Amenagement vun ëffentlechen Plazen, Trëppel- a Vëlosweeër, Vernetzung mat de Nopeschgemengen, Schutz an Erhalt vu prägenden Infrastrukturen, Astandsetzung vu Stroossen, asw. All dës Inputs sinn an de Gemeinwohlökonomie-Rapport 2020 gefloss dee fir d’Gemengeverantwortlech e wichtegt Instrument ass an der alldeeglecher Aarbecht. Bei allem wat mir maachen sti Wäerter am Mëttelpunkt: Mënschewierd, Gläichbehandlung, Solidaritéit, sozial Gerechtegkeet a Kohesioun, ökologesch Nohaltegkeet an demokratesch Matbestëmmung. Mir engagéieren eis weiderhin am Kader vun dëser Zertifikatioun fir eis an Zukunft permanent weider ze entwéckelen.

Refonte PAG. Mir haten d’legal Verflichtung de neie Bebauungsplang (PAG) auszeschaffen wou och e neit Bautereglement drunnhänkt. Dat war wierklech keen einfachen Exercice a mir si frou dass no enger laanger Prozedur de PAG elo definitiv approuvéiert ass. Mir setzen eis an deem Kader an fir ee qualitative Wuesstem dee net op wëller Immobiliëspekulatioun berout a wou eis Gemeng sech moderat weiderentwéckele kann. De neie PAG ass och e liewegt Dokument wat a reegelméissegen Ofstänn iwwerpréift an ugepasst gëtt.

Tiny houses. An de leschte Joren huet d’Sich no nohaltege Liewensformen zum Opkomme vun engem Wunntyp gefouert, deen et bis elo zu Lëtzebuerg nach net gouf: d’„Tiny houses“. Mir stellen awer och fest dass d’Mobilhomer oder d’Chaleten op de Campinger duerch d’Land dësem Wunntyp scho ganz no kommen, mam Ënnerscheed dass se als Weekends- oder Vakanzenhaisercher benotzt ginn, a net als Haaptwunnsëtz. Et ass dofir wichteg ze wëssen dass d’„Tiny houses“ eng Wunnform duerstellen, déi net op Grond vum Alter, dem Beruff, der Pai oder der Familljesituatioun vun hire Bewunner gesicht gëtt, mee a Funktioun vun hirem perséinleche Choix fir en alternative, minimalisteschen a nohaltege Liewensstil ze féieren, op klengstem Raum. D’Unerkenne vun dëse Liichtbauwunnéngen als legal Wunnform ass rezent vum Inneministère analyséiert ginn an de Gemengen si Règlements-type proposéiert ginn. Mir verschléissen eis net virun dëser neier, amovibeler a modulabeler Wunnform a kucken wéi an ob se an eise PAG an an d’Bautereglement integréiert ka ginn.

 

Lokal Commercen, Restauranten, Caféen a Servicer. Mir wëllen dës lokal Offer weiderhin sou wäit wéi méiglech ënnerstëtzen a freeën eis iwwer d’Ouverture vu verschidden Etablissementer am Laf vun eisem Mandat. Mäerzeg muss attraktiv bleiwe fir nei Commercen a Servicer unzezéien – besonnësch déi déi am Duerf nach feelen – wat dem Bierger erméiglecht, méi lokal ze konsuméieren do wou ee wunnt. Mir wëllen de Wonsch vu ville Mäerzeger ënnerstëtzen, e lokalen Treffpunkt mat engem Téi- a Kaffissalon an eiser Gemeng entstoen ze gesinn.

 

Verkéierssécherheet. Mir hu reagéiert a baulech wéi punktuell Mesure géint d’Gerenns an den 30er-Zone ëmgesat. Et ass eng kollektiv Responsabilitéit a mir bieden d’Chauffeure vun alle Gefierer d’Vitesslimitatiounen an de Stroossen ze respektéieren. D’Gemeng, a Kooperatioun mat der Police a Stroossebauverwaltung, optimiséiert d’Stroossennetz weider am Kader vun de Reamenagementer, wéi och an den An- an Ausgäng vun der Gemeng. Sëlleg Pictogrammen goufen op d’Stroosse gemaach an d’Beschëlderungen aktualiséiert. Dës Aarbechte gi virun a mir verschléissen eis net virun Verbesserungsvirschléi oder Adaptatiounen, wëssend dass mir am Alldag feststellen dass et déi perfekt Léisungen wuel net ginn.

 

Trottoir bis bei d’Tankstell. An Zesummenaarbecht mat „Ponts & Chaussées“ ass de geféierleche Foussgängerwee laanscht d’Haaptstrooss duerch e méi sécheren Trottoir ersat ginn. Dësen Trottoir ass drop an drun PMR-gerecht (PMR steet fir „Personnes à mobilité réduite“) gemaach ze ginn. Dëst ass en éischte Schratt. D’Gemeng plangt aktuell, a Récksprooch mat den Entreprisen, um Reamenagement an der Modernisatioun vun der Industriezon. D’Zil ass de Verkéiersflux an d’Sécherheet ze verbesseren.

 

Zebrasträifen & Busarrêten. Mir hunn all Zebrasträifen an der Gemeng iwwerpréift fir se maximal, och inklusiv ze equipéieren mat der néideger Beliichtung a Warnsignaler. An engems sinn d’Busarrêten deelweis scho PMR-gerecht adaptéiert ginn.

 

„Pimp my Bushaischen“. Fir d’Bushaisercher hu mir mat engem lokale Kënschtler de Projet „Pimp my Bushaischen“ an d’Liewe geruff. D’Bushaisercher am Zentrum vun der Gemeng kréien een Thema, wéi z.B. d’Gemeinwohlökonomie bei der „Aler Schoul“, de Sosthène Weis bei der Gemeng oder de Mäerzeger Steen beim fréiere Postgebai. De lokalen Artist huet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Maquette preparéiert déi grad an der Ausféierung iwwer Graffiti-Molerei oder Publipostage realiséiert ginn fir de Bushaisercher esou méi Faarf a Liewen ze ginn.

 

Spillstroossen. An neie Wunngebidder wëlle mir och d’geziilt Ëmsetzung vu sougenannte verkéiersberouegende „Spillstroossen“ iwwerpréiwen.

 

Verkéiersberouegung am Duerfkär. Am Mëttelpunkt vum Projet intégré „Schoul – Maison Relais“ wäert ab dem Joer 2026 och d’Neigestaltung vun der Mäerzeger Haaptstrooss, N21, am zentrale Beräich vum Gemengenhaus bis bei d’Kierch oder der „Aler Schoul“ stinn. Mir si verflicht an dësem Beräich e Maximum u Sécherheet fir d’Schoulkanner an de Foussgänger ze garantéieren. E Verkéiers- a Mobilitéitskonzept gëtt an enker Zesummenaarbecht mat de concernéierte Parteien ausgeschafft wou d’Autorisatiounsprozedur dann och ganz beim zoustännege Minister läit. Déi éischt Schrëtt dofir si schonn an d’Weeër geleet ginn fir dëse Projet am beschten an der Endphas vum grousse Chantier um Schoulsite ze realiséieren.


Mobilitéit optimiséieren. Mir sinn dem „Bummelbus“, enger Initiativ vum „Forum pour l’emploi“, deen als Ruffbus funktionéiert, an dem Service „Night-Rider“ bäigetrueden a setzen eis weider dofir an, mam Appui vun de Nopëschgemengen, d’RGTR-Reform fir eis Regioun ze verbesseren.

 

Oppe Betreiungsstrukturen. An Ofsprooch mam Träger an zoustännege Personal wëlle mir d’Betreiungsstrukturen esou organiséieren, dass si och vun Elteren déi hir Kanner doheem versuergen als Kontakt- an Ulafstell punktuell an Usproch däerfe geholl ginn. Mir wëllen an deem Zesummenhang eng Vermëttlerroll iwwerhuele fir agreéiert Dagesmammen a Babysitter ze vermëttelen.

Mertzig-49.jpg

b. Schaffen

D’Betriber am Duerf. Mir ënnerstëtzen weiderhin déi lokal Mäerzeger Entreprisen a landwirtschaftlech Betriber. Am korrekten Dialog siche mir zesummen no beschtméigleche Léisungen fir d’Problemer déi sech am Alldag kënne stellen. Grouss Investissementer si scho gemaach ginn an de Stroossereseau a virun allem och d’Feldweeër. D’Waasser- a Kanalnetz sinn optimiséiert ginn, wéi och an de Wisen Waasserschächt gebaut a mat neien digitale Compteuren equipéiert ginn.

 

D’Mäerzeger Industriezon. An enkem Kontakt mat den Entreprisen an der Industriezon schafft d’Gemeng aktuell un der Neigestaltung vun der Strooss an der Modernisatioun vun de Reseauen. D’Gemeng selwer konnt rezent e gréisseren Terrain kafen dee wichteg ass fir de Gemengeservicer eng Perspektiv kënnen ze schafen. An engems bitt dës Acquisitioun de schonn etabléierten Entreprisen d’Méiglechkeet sech auszebauen, ouni dobäi d’Liewensqualitéit vum Duerf ze beaflossen. D’Gemengeverantwortlech schaffen do weider Hand an Hand mat den Entrepreneuren.

 

Sozial- a Solidarwirtschaft ënnerstëtzen. Mir ënnerstëtzen an encouragéiere weider privat Initiativen déi z.B. Gemeinschaftsgäert realiséieren oder an erneierbar Energien investéieren. Mir wëllen an deem Kontext Parrainagen fir ëffentlech Gréngflächen erméiglechen, sou dass sech Bierger oder Entreprisen an Zukunft op Wonsch ëm d’Beplanzung vun ëffentlechen Gréngflächen an hirer Strooss oder virun hirer Dier op Ufro bekëmmere kéinten.

 

Coworking-Spaces. Coworking-Spaces gëllen als Plaze mat engem héije Potenzial un Innovatioun a ginn als Alternativ zum Homeoffice oder zur klassescher Aarbechtsplaz ëmmer méi interessant. Mir wëllen d’Potenzial vun dëser neier Form vum Zesummeschaffen analyséieren am Kader vum Bierger- a Veräinshaus an der „Aler Schoul“ oder um Rez-de-Chaussée vun der „Aler Post“.

5.jpg

c. Fräizäitoffer

Veräiner weider ënnerstëtzen. Mir sinn houfreg op eis Veräiner déi dozou bäidroen dass d’Mäerzeger sech an hirer Fräizäit a ville verschiddene Beräicher kënnen abréngen an hire Leidenschaften noginn, am Sënn vun der Allgemengheet a fir am Benevolat eppes Guddes ze maachen fir d’Gesellschaft. D’Gemeng wëll d’Veräiner do weider beschtméiglech ënnerstëtzen. D’Subsidereform war eng éischt wichteg Etapp wou de Budget konsequent gehéicht ginn ass fir e méi gerecht an transparent ze verdeelen no objektive Kritären. Et besteet d’Méiglechkeet e Subside de base, d’engagement an d’encadrement ze kréien. Eng zweet wichteg Etapp ass elo d’Ëmgestaltung vun der „Aler Schoul“ als „Bierger- a Veräinshaus“. D’Gemeng léisst do deelweis de Plazproblem deen akut ass a wou elo méi Versammlungssäll an Aktivitéitssäll fir z.B. Museks-, Danz- oder Gesangcoursen zur Verfügung stinn. A net ze vergiessen de scho beschriwwenen Masterplang wou nom Bau vun der neier Schoul déi nei Sportshal realiséiert soll ginn wou doduerch d’Sportinfrastrukturen weider optimiséiert kënne ginn. Donieft baue mir kuerzfristeg eng Garage op enger Parzell bei de Sportinfrastrukturen fir der Regie an de Veräiner eng dringend noutwendeg Stockage-Méiglechkeet vu Material kënnen unzebidden.

 

„Al Schoul“. Nodeems d’Schoul elo op engem Site regruppéiert ass, gëtt aus der „Aler Schoul“ am Duerfzentrum elo een „Haus fir jiddereen“, e „Bierger- a Veräinshaus“ oder och nach sozio-kulturellen „Tiers-Lieu“ genannt. De participative Prozess wou all d’Veräiner an déi ganz Bevëlkerung agebonn waren huet erginn, dass an dësem Haus een Treffpunkt am Duerfkär entsteet wou en ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt gëtt deen d’Veräiner fir hir Memberen an d’Gemeng fir jiddereen zesumme gestalten. Fir de beschtméiglechen Encadrement huet de Gemengerot rezent och eestëmmeg eng weider Aarbechtsplaz geschaf wou de „Service conciergerie“ Verstäerkung kritt a wou an Zesummenaarbecht mat der „Agence pour l’emploi“ an der finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat e „Kümmerer“ fir déi „Al Schoul“ agestallt ka ginn.

 

„Al Post“. D’Postgebai am Duerfzentrum an och fréier Gemengeverwaltung ass zënter 2021 eng offiziell Gemengeproprietéit. Iwwert d’legal Prozedur vun der „Prescription trentenaire“ huet de Notaire den Transfert de propriété vun der fréierer Molkerei a Société agricole op d’Gemeng aktéiert. Wéi déi „Al Schoul“ wëlle mir dëst Gebai an de nächste Joren renovéieren fir aus den Haaptinfrastrukturen am Duerfkär e kohärenten a schéinen Ensemble ze maachen a fir eisen architektonesche Patrimoine ze erhalen. Wéi fir déi „Al Schoul“ steet als nächst d’Façade un an d’Etude sinn an der Maach fir d’Gebai mat engem Bausselift ze equipéieren fir esou de Proufsall vun der Musek fir jiddereen accessibel ze maachen a fir déi schwéier Instrumenter an d’Perkussioun besser transportéiert ze kréien. Den Daach kënnt och a Fro fir eng kleng Photovoltaikanlag ze installéieren.

 

Mäerzeger Repair-Café. Am Sënn vun der Schounung vun den Ressourcen a vun der Kreeslafwirtschaft soll d’Flécke vun Apparaten a vu soss Gebrauchsgéigestänn weider gefërdert ginn. De neie Repair-Café soll dofir méi regelméisseg organiséiert ginn op enger fester Plaz. Déi „Al Schoul“ ass och predestinéiert dofir. Am Kader vum Zesummeliewen an der Gesellschaft bréngt de Repair-Café d’Leit zesummen a mir freeën eis op déi nächst Editiounen am neien Haus.

Kulturschafend Mäerzeger aktiv fërderen. Mir setzen eis dofir an, dass Kënschtler aus eiser Gemeng Raimlechkeeten an Infrastrukturen zougänglech gemaach kréien, fir dass si hirer kënschtlerescher Aktivitéit kënnen nogoen. Mir wëllen de lokalen a regionale Kënschtler och d’Méiglechkeet ginn hir Wierker an der Gemeng auszestellen.

Fräizäitsport fir Jonk an Al. Mir wëlle de Fräizäitsport an eiser Gemeng weider besser fërderen iwwert d’Schafe vun enger Sportskommissioun wou schonn engagéiert Bierger sech bereet erkläert hunn matzegestalten. Dofir sollen zu Mäerzeg weider Fräifläche fir Sport a Spill ugeluecht ginn, wéi z.B. d’Bowling-Pist. Dozou gehéieren och d’Schafen, d’Verbannen an d’Beschëlderung vun de Spadséierweeër, Lafstrecken, Vëlos- a Mountainbikesweeër. Dëse Projet ass um Pabeier scho méi laang fäerdeg. Aktuell waarde mir op d’konkret Ëmsetzung um Terrain an Zesummenaarbecht mam ORT-Guttland wou d’Gemeng Member ginn ass.

Tour du Duerf. Zënter 2018 si mir beim „Tour du Duerf“ (tourduduerf.lu) dobäi. Et ass eng Kampagne fir de Vëlo an déi douce Mobilitéit an de Stied an Dierfer ze fërderen: zesumme Vëlo fuere fir d’Gesondheet, d’Liewensqualitéit an de Klimaschutz! Vum 10. bis den 30. September kann een sech esou all Joer aschreiwen, an d’Pedallen drécken a Kilometere sammelen. D’Gemeng Mäerzeg ass och fir d’Editioun 2023 schon ugemellt.

#bike4all – Alles op de Vëlo am Waarkdall & Kiermes. Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch an dem „Tour du Duerf” hu mir zesumme mat de Gemengen Feelen a Groussbus zënter 2018 een autofräien Dag mam Fokus op de Vëlo organiséiert. Et ass eng grouss Organisatioun wou mir an Zesummenaarbecht mat de Veräiner a Kommissiounen och an Zukunft wëlle maachen. D’Mäerzeger Kiermes fällt laut dem traditionelle Kalenner och meeschtens an d’Mobilitéitswoch, sou dass mir dann déi zwee Evenementer kombinéieren. Am Dialog mat de Kiermesleit hu mir et och hikritt dass nees Knuppautoen an aner flott Kiermesattraktiounen fir Grouss a Kleng op Mäerzeg kommen. Duerch de #bike4all, wat e Publikumsmagnéit ass, sinn d’Kiermesleit dann och bereet an Zukunft an eis Gemeng ze kommen. De neie Parking hannert der Gemeng ass esou konzipéiert ginn fir dass mir do eng schéi Kiermes kënnen organiséieren.

 

Vëlospist. D’Piste cyclable oder de PC25, d’Vëlospist déi Mäerzeg mat Feelen a Groussbus soll verbannen gëtt no 18 Joer Prozedur endlech vum zoustännege Minister autoriséiert a steet och scho mat 5 Milliounen € am Staatsbudget 2023. Déi concernéiert Gemengen kruten den zréckbehalenen Tracé presentéiert an d’Emweltautorisatiounsprozeduren missten aktuell kuerzfristeg ofgeschloss kënne ginn, no Récksprooch mam zoustännege Ministère. Evenementer wéi de #bike4all a generell d’Vëlosbegeeschterung an der Gemeng a Regioun sinn eng Hëllef fir esou schwiereg a laangwiereg Dossieren ze debloquéieren.

 

Auto-pédestre Mäerzeg. Immens frou si mir iwwert d’Schafe vum neien Auto-pédestre an eiser Gemeng deen e.a. ronderëm de Site vum Turelbaacher Schlass féiert. A kuerzer Zäit an duerch eng immens gutt Zesummenaarbecht mam ORT-Guttland an dem Tourismusministère konnt dëse neie Wanderwee baliséiert a beschëldert ginn. Mir konnten de Wee och rezent, de 24. Mee 2023 a Präsenz vum Tourismusminister offiziell aweien. Den Iwwersiichtspanneau vum ganze lokale Wanderweenetz kënnt zu engem spéideren Zäitpunkt nach no, dëst och nodeems déi aner lokal Wanderweeër beschëldert sinn.


Mäerzeger Themewee. Duerch d’Memberschaft beim ORT hu mir eisem Themewee méi Visibilitéit ginn a kréien do Ënnerstëtzung fir z.B. „Visites guidées“ kënnen unzebidden. De Wee ass donieft an der City-App integréiert gi mat Explikatiounen zu den 12 Statiounen. D’Aarbechten an der neier 12. Statioun kënnen dëse Summer ofgeschloss ginn, woumat de ganze Parcours dann och komplett wier.

 

Turelbaacher Schlass. De Site vum Turelbaacher Schlass ass e Stéck Mäerzeger Patrimoine. Mir sinn immens dankbar dass d’Gemeng Mäerzeg de Site konnt kafen. D’Gemeng huet sech engagéiert fir de Site ze erhalen, der Allgemengheet zougänglech ze maachen an ënnert anerem d’Liewenswierk vum Pol Gilson ze honoréieren. Et brauch Zäit, Gedold a Geld, mee mir komme generell gutt virun. En éischte groussen Acquis ass de Klassement vum Schlass als „Patrimoine national culturel“ op Basis vum neien Denkmalschutzgesetz. Den Ëmweltministère huet zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung (ANF) an dem SICONA Naturschutzmesüren proposéiert wou mir eis dofir asetzen dass e nationalt Naturschutzgebidd ronderëm d’Schlass kann entstoën, eng sougenannten „Réserve naturelle“ wou de Projet de règlement grand-ducal schonn a Präparatioun ass a geschwënn ofgeschloss ka ginn. Schlussendlech huet d’Gemeng e „Project-Management“-Dossier am Kader vum „11e programme quinquennal d’équipement de l’infrastructure touristique“ (2023-2027) am Tourismusministère agereecht wou mir gutt Chancen hunn dass den Turelbaacher Site zréckbehal ka ginn. D’Zil bei all dësen Demarchen ass de Maximum vu staatlechen Subventiounen ze kréien fir esou de finanziellen Impakt fir d’Gemeng Mäerzeg ze minimiséieren. Et ass eng immens konstruktiv Zesummenaarbecht mat all den Acteuren a mir wëllen dësen Häerzensprojet onbedéngt och mam neie Gemengerot weiderféieren.

 

Fräizäitaktivitéite fir Senioren. An Zesummenaarbecht mam Club Senior Nordstad, deen elo ganz nei „Nordstad Aktiv+“ heescht, ënnerstëtze mir d’Mäerzeger Seniore beim Organiséieren a bei der Ëmsetzung vu kulturellen a sportlechen Fräizäitaktivitéiten op lokalem a regionalem Niveau. Och fir d’Senioren ass de Projet vum Bierger- a Veräinshaus an der „Aler Schoul“ eng eemoleg Geleeënheet fir z.B. d’Kaartenomëtteger bei Kaffi a Kuch oder aner Aktivitéiten ze organiséieren.

 

Sécher Spillplazen. Fir d’Sécherheet vun den ëffentleche Spillplazen ze garantéieren, mussen dës reegelméisseg kontrolléiert ginn. An Zesummenaarbecht mam „Forum pour l’emploi“ hu mir eng komplett Bestandsopnam vun de Spillplazen gemaach, d’Mängel flécke gelooss fir esou d’Zertifizéierung „Sécher Spillplaz“, e Qualitéitslabel, vu Luxcontrol bestätegt ze kréien.

De Mäerzeger Park. Mir hunn iwwert een erfuerene Landschaftsgäertner e Konzept ausschaffe gelooss fir eise Park am Duerfzentrum méi attraktiv ze gestalten als intergenerationelle Treffpunkt. D’Iddien sinn immens villverspriechend, allerdéngs hu mir aus budgetäre Grënn dëse Projet en suspens gesat a konzentréieren eis kuerz- a mëttelfristeg op d’Astandsetzung an den Entretien vu verschiddenen Infrastrukturen. D’Bréck beim Weier hu mir aus Sécherheetsgrënn ofgebaut an d’Plaz vum Weier, wéi och aner Flächen wëlle mir an Zukunft an Zesummenaarbecht mat de Gemengekommissiounen anescht gestalten. E puer Iddien leien um Dësch, notamment d’Schafung vun engem Gemeinschaftsgäert wou mir am neie Mandat wëlle relancéieren.

Europadag. Am Kader vum Europadag hu mir 2023 déi éischte Kéier e klassësche Concert an der Kierch organiséiert. Mir wëllen och an Zukunft dem Europadag eng méi grouss Opmierksamkeet zu Mäerzeg schenken. Et kéint och d’Geleeënheet sinn fir de Jumelage mat Vöcklamarkt (Éisträich) oder d’Frëndschaft mat Merzig (Däitschland) op engem festen Dag am Joer ze feieren.

Kulturell Evenementer. Nieft den Evementer vun de Veräiner wëll d’Gemeng och an Zukunft mat der Event-Kommissioun eng ofwiesslungsräich kulturell Offer ubidden mat Cabareten, Concerten, Themenowender oder Expositiounen.

Sosthène Weis. D’Mäerzeger Gemengehaus ass d’Gebuertshaus vum Sosthène Weis (1872-1941), renomméierte Moler an Architekt. De Sosthène Weis ass de „bekannteste Fils vu Mäerzeg“, wéi et schonn um Mäerzeger Themewee op enger schéiner Statioun thematiséiert gëtt. An der neier Gemeng honoréiere mir dës Perséinlechkeet andeems mir säi Liefenslaf a Wierk gréisstendeels digital weisen. De Projet ass nach an der Ausaarbechtung a kéint spéitstens dëse Wanter ofgeschloss ginn. De neie Sitzungssall ass och nom Sosthène Weis genannt ginn.

Rousegaart. An Zesummenaarbecht mat der Asbl „Patrimoine Roses pour le Luxembourg“ ass e klenge Rousegaart bei der neier Entrée vun der Gemeng amenagéiert ginn zu Éieren vum Sosthène Weis. Déi geplanzte Rousen sinn een Hommage un d’Accorde vu Schengen an de klenge Prënz Charel.

4. ENG SÉCHER, PROPPER, INKLUSIV, GERECHT A LIEWENSWÄERT GEMENG

Programm: Project
IMG_20230514_171426.jpg

a. Sécherheet

D’Mäerzeger Pompjeeën. Am Pompjeeswiesen huet sech duerch d’Professionaliséierung an déi nei Gesetzgebung vum CGDIS (Corps grand-ducal d’incendie et de secours) zënter 2018 villes verännert. An deem Kader huet d’Gemeng z.B. mëttlerweil de Pompjeesbau un de CGDIS verlount an ass net méi zoustänneg fir d’Pompjeesgefierer. Fir eis ass et awer evident dass d’Gemeng een zouverlässege Partner fir de CIS (Centre d’incendie et de secours) Mäerzeg ass a bleift. De CIS Mäerzeg soll zu all Moment op d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng ziele kënnen. All eenzele Pompjee verdéngt de Respekt vun der Gemeng a sengen Awunner fir säi fräiwëllegen Engagement. Besonnesch ervirzesträichen ass den Engagement och vum First Responder System wou d’Pompjeeën eng éischt medezinesch Betreiung garantéiere bis zum Antreffen vun enger Ambulanz, respektiv dem Samu. An d’Aarbecht am Jugendberäich ass impressionant wou d’Mäerzeger Gemeng ganz houfreg op seng Jugendpompjeeën däerf sinn. Mir ënnerstëtzen a begleeden dës positiv Entwécklung gären beschtméiglech weider, och am Kader vu noutwendegen Renovatiounsaarbechten déi am Pompjeesbau virgeholl musse ginn.

Defibrillatoren. Fir a medezinesche Noutfäll Liewen ze retten, hu mir an zousätzlech automatesch Defibrillatoren investéiert. D’Installatiounen tëscht den zwee Fussballterrainen an an der Industriezon sinn ofgeschloss. Aktuell waarde mir op d’Liwwerung vun den Apparater fir bei der „Aler Schoul“ an am Gemengenhaus ze installéieren. Domat hätte mir d’Offer vu engem op fënnef Defibrillatoren an eiser Gemeng eropgesat.

 

Wanterdéngscht. Mir hunn d’Gemengeservicer an der Regie komplett nei organiséiert mat d’Verdeelung vun de Responsabilitéiten op méi Schëlleren. Den alljärleche Wanterdéngscht gëtt mëttlerweil vun allen Mataarbechter vun der Regie assuréiert a beschtméiglech organiséiert no engem Permanenceplang. Mir sinn a bleiwen awer eng kleng Gemeng an zielen weiderhin op d’Verständnis vun de Bierger wann an extreme Fäll de Service net nokomme kann.

 

Verstäerkt Zesummenaarbecht mat der Police. Wéi fir d’Verkéierssécherheet, striewe mir eng verstäerkt Zesummenaarbecht mat der Police un fir de Bierger ee méi grousst Sécherheetsgefill ze vermëttelen fir präventiv géint strofrechtlech Aktivitéiten (z.B. Abréch, Vandalismus, illegal Müllentsuergung, asw.) virzegoen. Mir bauen do weider op déi ganz gutt Zesummenaarbecht mat der Police op, och am Kader vum Comité de prévention vun eiser Regioun deen zënter 2018 ënnert de Présidence vun eiser Gemeng reegelméisseg zesumme komm ass.

Mertzig-21.jpg

b. Propretéit

E proppert Mäerzeg. An enkem Kontakt mat der Regie, mat Sensibiliséierungscampagnen a mam gudde Wëlle vun de Bierger, striewe mir weiderhin ee permanent proppert Mäerzeg un op dat seng Awunner houfreg kënne sinn. Dëst beinhalt d’Gringflächen an d’Blummenarrangementer am Duerfkär a bei den Haaptgemengeninfrastrukturen.

 

Opruff un d’Hondsbesëtzer. Opschons d’Gemeng massiv a Gassituuten a Poubellen investéiert huet an d’Zuel méi wéi verduebelt huet, sinn d’Hondsdrécker leider op verschiddene Plazen an der Gemeng een Dar am An. Mir ginn awer net op a fuerderen d’Hondsbesëtzer op d’Hondsdrécker wgl. iwwerall opzerafen an ze entsuergen, och op ëffentleche Wisen wéi z.B. déi am kommunale Park, bei de Spillplazen an an de Wunnquartieren.

 

Hondswis. Mir iwwerpréiwen d’Machbarkeet a verschiddene Quartieren vun enger Hondswis, d.h. e Beräich deen ofgeséchert ass wou Hënn sech fräi kënne beweegen, natierlech ëmmer ënnert der Opsiicht vun hirem Besëtzer. Et ass evident dass d’Hondsbesëtzer dës Hondwis och propper hale mussen.

Mertzig-53.jpg

c. Integratioun a Veräinsliewen

Pakt vum Zesummeliewen. Duerch déi immens gutt Kooperatioun mat den zéng Gemengen aus dem Kanton Réiden huet eis Gemeng de „Pakt vum Zesummeliewen“ mam Ministère fir Famill, Integratioun a fir d’Groussregioun, wéi och dem Syvicol, dem Daachverband vun de Gemengen, ënnerschriwwen. Mir hunn eis an deem Kader zu engem pluriannuellen an dynamesche Prozess engagéiert, deen de Schwéierpunkt op d’Kommunikatioun, den Zougang zu den Informatiounen an d’Biergerbedeelegung leet, ganz am Sënn och vun eisem Leitmotiv #mertzig4all – eng Gemeng fir jiddereen. Donieft gi mir vun de spezialiséierten Associatiounen ASTI (Association de soutien aux travailleurs immigrés) a CEFIS (Centre d’étude et de formation interculturelles et sociales) begleet.

 

Guide d’accueil. De Guide d’accueil ass een direkt Resultat vum Pakt vum Zesummeliewen wou de Ministère fir Famill, Integratioun a fir d’Groussregioun fir eis ausgeschafft huet. Leschten Informatioune no kann dëse Guide nach virum Summer publizéiert ginn.

 

HOPLR- Noperschaftsnetzwierk. Jiddereen, deen an der Gemeng wunnt, ka sech op HOPLR aschreiwen an op eng einfach Manéier mat senge Noperen a Kontakt kommen. D’App ass disponibel op 5 Sproochen, dorënner Lëtzebuergesch!

 

Sproochecoursen. A Kooperatioun mat der Landakademie an anere Partner engagéiere mir eis dass weiderhin Sproochecoursen zu Mäerzeg an an der Regioun ugebuede ginn.

 

Café des langues. Dat neit Bierger- a Veräinshaus an der „Aler Schoul“ bitt sech un fir do regelméisseg e „Café des langues“ ze organiséieren, an Zesummenaarbecht mam Leader-Grupp, de Nopeschgemengen an eiser Integratiounskommissioun.

 

Welcome-Treffen. Nei Mäerzeger Awunner wëlle mir vun Ufank un iwwert d’Gemeng, hir Aktivitéiten an d’Veräiner informéieren. Mir organiséieren dofir weider Welcome-Treffen fir déi nei Leit an hirer neier Heemecht wëllkomm ze heeschen.

 

Ecrivain public. An der „Aler Schoul“ kann am Kader vum Bierger- a Veräinshaus een „Ecrivain public“ regelméisseg seng Servicer ubidden fir de Bierger an der Redaktioun vu Bréiwer bei administrativen Ofleef ze hëllefen. D’Gemeng oder d’Integratiounskommissioun soll hei eng Vermëttlerroll iwwerhuelen. A Kooperatioun mam Kanton Réiden kéint dësen Service och regional ugebuede ginn.

 

Veräinsdeeg. D’Veräiner spillen déi wichtegst Roll fir d’Mäerzeger Duerfliewen. Mat Schnuppercoursen a reegelméissege Veräinsdeeg kënnen nei Awunner besser integréiert ginn.

 

Subside d’engagement. Am Kader vun der Subsidereform fir d’Veräiner hu mir, nieft dem Subside de base an dem Subside d’encadrement, ee Subside d’engagement agefouert. D’Gemeng kann esou d’Veräiner, déi eng grouss Aarbecht a punkto Integratioun an Inklusioun leeschten, mat enger zousätzlecher finanzieller Ënnerstëtzung belounen.

 

A Villfalt gëeent. Mir ginn der kommunaler Integratiounskommissioun déi néideg Mëttele fir Aktivitéiten z’organiséieren déi di verschidde Nationalitéiten am Duerf méi no an zesumme bréngen.

D’Joer 2025. Am Joer 2025 widderhuelen sech déi grouss ronn Gebuertsdeeg an eiser Gemeng déi am Joer 2000 gefeiert goufen, mat der Consecratioun och vum eemolege Buch „Mäerzeg 2000“. Mir feieren dann 175 Joer Porkierch, 150 Joer Gemeng, 150 Joer Chorale an 125 Joer Musek. Mir freeën eis op déi Festivitéiten wou d’Organisatioun schonn de nächste Wanter mat all de Veräiner, Kommissiounen, Bierger a jidderengem an Ugrëff geholl gëtt fir iwwert d’ganzt Joer e schéine Programm opzestellen. D’Publikatioun vun engem neie Buch oder Film „Mäerzeg 2025“ wier dann zum Schluss d’Kréinung vun de Festivitéiten.

Mertzig-11.jpg

d. Inklusiv, sozial a gerecht

Design for all: kommunal Infrastrukturen inklusiv renovéieren a plangen. D’kommunal Infrastrukturen musse vum Gesetz aus ouni Barrière accessibel sinn fir jiddereen. D’Gemengenhaus hu mir schonn esou renovéiert. Dat selwecht geschitt elo an der „Aler Schoul“ wou eng Ramp wéi och en Trapelift fir de Rez-de-Chaussée bestallt sinn. D’Postgebai soll mat engem Lift equipéiert ginn fir de Proufsall vun der Musek um éischte Stack accessibel ze maachen fir jiddereen, a fir den Transport vu schwéieren Instrumenter, virun allem d’Perkussioun, ze vereinfachen. Déi selwecht Iwwerleeungen gëlle natierlech fir déi nei Schoul, d’Trottoiren an d’Buedembeleeg op den Zebrasträifen.

 

Leichte Sprache. An Zesummenaarbecht mat der Asbl Op der Schock an der APEMH – Handicap intellectuel Luxembourg – engagéiere mir eis weider fir d’„Leichte Sprache“ do ze integréieren wou et méiglech ass. Konkret ëmgesat gouf dat schonn beim Naturschutzgebitt Natura 2000 am Bësch „Säitert“, wéi och beim „Tiny Forest“ am Duerfzentrum bei der Senioreresidenz.

 

Zesumme fir eng inklusiv Gesellschaft. Mir engagéieren eis weiderhin fir am Kader vun de Gemengenaktivitéiten a Projeten d’Kanner aus dem Internat Sainte-Marie an d’Awunner vun der Wunnstruktur déi vun der Asbl Op der Schock geréiert gëtt anzebannen. Ganz nei dobäi kommen do an d’Zukunft d’Kanner aus de Fondatiounen SOS Kannerduerf a Kannerschlass déi Strukturen zu Mäerzeg opmaachen.

 

E méi inklusiven Internetsite. Op eisem neien Internetsite hu mir verschidden Outile ëmgesat fir dëse méi accessibel ze gestalten, zum Beispill d’Méiglechkeet, den Text ze vergréisseren, de Kontrast ze änneren, Linken ze ënnersträichen, asw.

 

Egalitéit, Gläichberechtegung, Diversitéit. D’Egalitéit, d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an den tëschemënschleche Respekt leien eis um Häerz, ganz am Sënn vun eisem Leitmotiv #mertzig4all si mir eng Gemeng fir jiddereen. Mir hunn an deem Kontext d’Konventioun „MEGA plus“ mam Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ënnerschriwwen a sinn 2022 belount ginn mam „Prix de la meilleure pratique communale“. Mir wëllen dës Engagementer an Zukunft ausbauen an e.a. déi europäesch Charta fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op lokalem Plang ënnerschreiwen.

 

Abordable Wunnraum schafen. Am Kader vum Pacte logement 2.0 deen eis Gemeng mam Logementministère ënnerschriwwen huet engagéiere mir eis fir de Bau vun abordable Wunnéngen. Zënter 2018 hu mir eis dofir agesat, och am Kader vun der Refonte PAG, dass d’Gemeng en Terrain zur Verfügung stellt fir esou e Projet. De Gemengerot huet e PAP ausgeschafft wou d’Gemeng als Promoteur public 8 Wunnunitéiten baut. De nächste Gemengerot fixéiert nach d’Modalitéiten vun der Vente.

Fairtrade. D’Gemeng Mäerzeg ass zënter 2019 eng offiziell Fairtrade Gemeng wouduerch mir zu enger nohalteger Wirtschaft bäidroen déi de Mënsch an d’Ëmwelt an Afrika, Asien a Latäinamerika respektéiert. Mir féieren dësen Engagement och an Zukunft gäere virun a freeën eis besonnësch ëmmer nees iwwert d’Fairtrade-Aktiounen vun de Schoulkanner. Fir eisem Engagement méi Visibilitéit ze ginn hu mir mat lokale Kënschtler eng „Fairtrade-Wall“ op der Façade vun der „Aler Schoul“ realiséiert mam Portrait vum Aminata Temi, eng Kakaoproduzentin vun der Côte d’Ivoire.

Mënscherechter. Am selwechte Kontext huet de Gemengerot 2021 eng Deliberatioun ugeholl déi d’„Initiative pour un devoir de vigilance“ ënnerstëtzt an déi sech asetzt fir dass wéi an eenzelne Nopeschlänner och zu Lëtzebuerg e Liwwerkettegesetz adoptéiert gëtt dat d’Entreprise verflicht, sech fir de Respekt vun de Mënscherechter an der ganzer Liwwerketten anzesetzen.

Gemeinwohlökonomie (GWÖ). Bei allem wat mir maachen sti Wäerter am Mëttelpunkt: Mënschewierd, Respekt, Gläichbehandlung, Solidaritéit, sozial Gerechtegkeet a Kohäsioun, ökologesch Nohaltegkeet, demokratesch Matbestëmmung. Mir sinn houfreg op eis Zertifikatioun als 1. offiziell GWÖ-Gemeng zu Lëtzebuerg Enn 2020. Et geet eis drëm all politesche Schratt ënnert d’Lupp ze huelen no dësem Wäertemodell, mam Pro a Kontra, fir dann zum beschtméigleche Resultat ze kommen zum Wuel vun der Allgemengheet. De Projet ass vum Syvicol als „Best practice“ opgeholl ginn an ee vun den Héichpunkten war bis elo sécher och d’Publikatioun am drëtten Handbuch iwwert d’Mënscherechter um lokalen Niveau dat de „Congrès des pouvoirs locaux et régionaux“ vum Conseil de l’Europe 2022 adoptéiert huet. De nächsten internationalen Audit steet 2024 virun der Dier wou eis Gemeng da nees ënnert d’Lupp geholl gëtt.

 

Bicher-, Give- a Mediabox. D’Bicher- a Givebox si konkret Beispiller vu GWÖ-Projeten. Hei kann een all méiglech Saachen deposéieren déi ee net méi brauch an nach an engem gudden Zoustand ass. Domat verlängert een d’Liewensdauer vun deenen Objeten andeems een gläichzäiteg deene Leit hëlleft, déi keng sou breed Schëlleren hunn. En nei Media-Box wou just CDen, DVDen, Vinyl-Placken oder aner Medie kënnen deposéiert ginn ass an der Maach a Form vun engem Walkman mat Kopfhörer fir am Beräich vum „Kiss & Go“ um Parking ze installéieren.

 

Office social Nordstad (OSNOS). Mir bleiwe Member-Gemeng beim OSNOS an ënnerstëtzen esou weider, an Applikatioun vun der Gesetzgebung, finanziell sozial schwaach Famille. Mir huelen och weiderhin un Aktiounen deel wéi dem Kannerwonschbam.

 

Beschäftegungsinitiativen. Mir hunn d’Zesummenaarbecht mat de Beschäftegungsinitiativen „Centre d’initiative et de Gestion Régional“ (CIGR) Nordstad a „Forum pour l’emploi“ (FPE) verstäerkt fir engersäits en immens wichteg soziale Bäitrag kënnen ze leeschten fir Mënschen déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, an anerersäits fir beschtméiglech Servicer kënnen unzebidden: de Service de Proximité „d’Äerdwiermercher“, „Sécher Spillplazen“, „Bummelbus“, generellen Entretien an der Gemeng oder nach d’Gestioun vun der kommunaler Sammelplaz „Butzebierg“ déi de Bierger gratis zur Verfügung steet fir verschidden Offäll korrekt ze entsuergen.

Mertzig-24.jpg

e. Gesondheet

Héich Drénkwaasserqualitéit garantéieren. An enker Zesummenaarbecht mam zoustännegen interkommunale Syndikat DEA (Distribution d’eau des Ardennes) an dem Waasserwirtschaftsamt ënnert der Opsiicht vum Emweltministère engagéiere mir eis weider fir déi beschtméiglech Drénkwaasserqualitéit am Gemengereseau ze garantéiren. D’Gemeng gouf rezent fir seng Engagementer mam Qualitéitslabel „Drëpsi“-Sëlwer ausgezeechent. Mir huelen och déi néideg Investitioune vir fir de Schutz vun de Quellen a vum Grondwaasser ze garantéieren.

 

Sportinfrastrukturen. Mir wëllen de Bierger genuch Méiglechkeeten ubidde fir sportlech Aktivitéiten ze bedreiwen. Grouss Investissementer sinn do um Site „An de Bourwisen“ gemaach ginn, e.a. de neien synthetëschen Terrain. De neie Gemengerot wäert déi nei Sportshal mat alle Partner plangen. D’Pétanque-Pist gouf nei amenagéiert. E Fitness-Parcours oder eenzel Fitness-Geräter sinn op eiser To-do-Lëscht wou mir nach no der optimaler Plaz sichen.

 

Waasserspender. Mir hunn an alle Gemengeninfrastrukturen Waasserspender installéiert fir permanent den Zougang zum gesonden Drénkwaasser ze garantéieren. Eng Statioun soll och nach virum neie Gemengenhaus entstoën.

 

Gesondheetsversuergung. Mir setzen eis dofir an dass d’Gemeng Mäerzeg eng adequat Offer vu Gesondheetsberufer op sengem Territoire behält. Mir si frou dass sech Generalisten, Kinesitherapeuten an Osteopathen, eng Pédicure médicale an een Zänndokter schonn etabléiert hunn. Dës Offer wëlle mir ausbauen mat Spezialisten wéi z.B. engem Pediater oder Aendokter.

 

Haushalt ouni Pestiziden. Mir wëllen d’Bierger och an Zukunft op d’Konsequenze vu Pestizide fir d’Natur a fir d’Gesondheet vum Mënsch opmierksam maachen an iwwer alternativ Weeër informéieren. Pestizidfräi Blumme sollen dem Kampf géint d’Ausstierwen vun de Beien bäidroen.

 

Programm „Natur genéissen“. Mir verweisen op de Projet „Biomax“ deen am Kapitel 2 -Schoul, Kannerbetreiung a Jugend - beschriwwen ass: „Mir iessen gesond, bio a regional“.

Mertzig-36.jpg

5. ENG ENERGIEEFFIZIENT AN EMWELTFRËNDLECH GEMENG

Programm: Project
Mertzig-75.jpg

a. Energieeffizienz

Erneierbar Energie. D’ëffentlech Hand soll Virbild bei der Notzung a Produktioun vun erneierbarer Energie sinn. Mir wëllen dofir, do wou et méiglech ass, d’Gemengeninfrastrukture mëttel- a laangfristeg op nohalteg Energie ëmrüsten a suivéieren de permanente teschneche Fortschrëtt fir als Gemeng generell méi resilient ze ginn.

 

Stroossebeliichtung energetesch verbesseren. Ee groussen Deel vum Stroumverbrauch vun der Mäerzeger Gemeng geet op d’Stroossebeliichtung zréck. Als Konsequenz vun der Energiekris hu mir am Budget 2023 déi néideg Krediter virgesinn fir d’ganz Gemeng direkt mat modernsten Liichtmëttel ze equipéieren. Do besteet och d’Méiglechkeet d’Stroossebeliischtung ze dimmen wat de Stroumverbrauch dann drastesch reduzéiert. D’Commande si scho gemaach a wann et keng Liwwerengpäss ginn, kënnen ab dësem Wanter scho puer Stroossen equipéiert ginn.

 

Beliichtung vun ëffentleche Gebaier. Et ass e Beliichtungskonzept ausgeschafft ginn fir déi nei Gemeng, d’Kierch an d’„Al Schoul“. Duerch modern Liichtmëttel gëtt de Stroumverbrauch do och op de strikte Minimum reduzéiert.

 

Chrëschtbeliichtung. Leschte Wanter ass fir d’Feierdeeg déi nei Chrëschtbeliichtung a Betrib geholl ginn. Déi al Luuchte haten hiren Déngscht geleescht, hätten deelweis misste reparéiert ginn an hate virun allem och en héije Stroumverbrauch. Duerch d’LED-Technik an Zäitschalter ass d’Gemeng do elo korrekt equipéiert.

Liichtverschmotzung. Duerch d’Investissementer a modern an intelligent Liichtmëttel gëtt de Liichtsmog op e Minimum reduzéiert. Esou ginn d’Mënschen, d’Déieren, d’Insekten a Planzen sou wéineg wéi méiglech vun der Nuechtbeliichtung an hirem Dag-Nuecht-Rhythmus gestéiert.

 

Fussballsterrain. Wéi beim neie syntheteschen Terrain gëtt och beim Grasterrain kuerzfristeg eng modern an energieeffizient Beliischtung installéiert.

 

Sprinkleranlag. D’Gemeng investéiert aktuell an eng nei Sprinkleranlag an de Bourwisen fir dem Grasterrain an de Summerméint déi néideg Fiischtegkeet ze ginn. De Waasserverbrauch kann dann do drastësch reduzéiert ginn, wëssend dass d’Netzwaasser direkt aus der Turelbaach an eng Citerne gepompelt gëtt wou d’Gemeng rezent déi néideg Autorisatioun vum Wasserwirtschaftsamt kritt huet.

 

Ëffentlech Ausschreiwungen opgrond vu Nohaltegskeetscritèren. Bei der Preparatioun vun ëffentlechen Ausschreiwunge an och am Kader vun der GWÖ leeë mir kloer Richtlinne fest déi d’Critèren Nohaltegkeet, Ëmweltbelaaschtung, Waasserverbrauch an Energieeffizienz berücksichtegen.

 

Greenenergy. Ënnert dem Impuls vun de Gemenge Feelen a Mäerzeg ass 2020 d’Société coopérative „Greenergy Feelen Mäerzeg“ (greenergy.lu) gegrënnt ginn déi sech fir d’Produktioun vun erneierbarer Energie an deenen zwou Gemengen asetzt. Aus Respekt virun der Ëmwelt ass d’Haaptzil vun der Kooperativ d’Energietransitioun ze promoten. D’kooperativ Form gouf ausdrécklech gewielt fir all Bierger d’Méiglechkeet ze ginn un dësem Iwwergang deelzehuelen. Zu Mäerzeg ass d’Photovoltaikanlag op der Gemeng vun der Kooperativ finanzéiert ginn. Kleng Anlagen komme kuerzfristeg op den Daach vun der „Aler Schoul“ an eventuell och d’Postgebai. Grousst Potential bitt den Daach vun der neier Schoul wou 2026 fäerdeg gestallt soll ginn.

 

Neie Stroumtraffo. De Chantier vum neie performanten a moderne Stroumtraffo ass zënter puer Méint am gaang a schaft eng Zentral déi ausgeriicht ass op de Masterplang vu Schoul – Maison Relais – Sportshal. De neien Traffo war och noutwendeg fir déi nei Photovoltaik-Anlagen kënnen unzeschléissen.

20230209_Niki.jpg

b. Natur an Ëmwelt

Natur- a Klimaschutz. Fir d’Liewens- a Wunnqualitéit zu Mäerzeg ze erhalen an ze verbesseren schütze mir d’Natur an d’Ëmwelt. Mir hunn eis verstäerkt vernetzt duerch d’Partnerschaften mam Naturschutzsyndikat Sicona an der Ëmtweltberodung Lëtzebuerg (EBL). Mir sinn och dem Klimabündnis bäigetrueden an engagéieren eis donieft staark am Kader vum Klimapakt wou mir d’Goldzertifikatioun ereecht hunn, wéi och am neien Naturpakt wou mir rezent déi éischt Zertikatiounsstuf gepackt hunn.

Gréng Plazen beim Aménagement vun ëffentlechen Raum & „Village fleuri“. Mir schafe weider Blummewisen an applizéieren de „Fauchage tardif“ do wou et geet a wou z.B. keng sou grouss Gefor vun Zeckebëss fir de Mënsch besteet. An Zesummenaarbecht mam Service „Espaces verts“ an der Regie hu mir donieft massiv a Blummebacken investéiert wou d’Gemeng sech ëmmer vu sénger schéinster Säit wëll weisen.

Tiny forest. Op Initiativ an an Zesummenaarbecht mat Greenpeace Lëtzebuerg an dem SICONA hu mir am Duerfkär bei der Senioreresidenz den éischte „Mikrobësch“ zu Lëtzebuerg geplanzt. Op enger Fläch vun 200m2 sinn 600 regional Beemzorten gesat ginn no der „Miyawaki-Method“, benannt nom japaneschen Botaniker Akira Miyawaki. „Tiny forests“ killen d’Klima a suerge fir eng grouss Artevillfalt. Den Informatiounspanneau wou och d’”Leichte Sprache“ integréiert ass a vun der Asbl Op der Schock ausgeschafft ginn ass, ass drop an drun installéiert kënnen ze ginn. De Projet déngt virun allem och edukativen Zwecker wou d’Kanner op eng einfach Art a Weis d’Funktiounen vum Bësch erkläert kréien.

Natura 2000. Eise Bësch „Säitert“ ass e schéinen Eechen- a Bichebësch. E faszinéiert duerch seng rar Planzen, seng verschidde Liewensraim, déi vill Dëmpele wéi seng botanesch Diversitéit. Fir d’Gemeng an de Fierschter war et den Ustouss fir e besonnescht Naturschutzgebitt do ze schafe mat engem didaktesche Léierpad deen och dëse Summer an d’Phas vun der Ëmsetzung kënnt. D’Resultat ass d’europäecht geschützten Natura 2000 Gebitt „Massif forestier & Mardelles du Säitert – Mäerzeg“. Eis Gemeng ass 2019 och eng vu 17 Member-Gemengen ginn vum Comité de Pilotage (COPIL) Natura 2000 Atert-Warkdall, nieft villen aneren Acteuren am Natur- an Ëmweltberäich. Dëse Comité verwalt insgesamt 10 Natura 2000 Siten.

 

Bëschkierfecht. D’Bëschweeër a virun allem déi iwwer 200 Joer al Eechebeem an der „Säitert“ waren och den Ustouss fir mam Ëmweltministère iwwert d’Méiglechkeet vun engem Bëschkierfecht ze schwätzen. Dëse gouf, parallel zum Natura 2000 Schutzgebitt, autoriséiert. D’Aarbechten si souwäit all ofgeschloss. Aktuell waarde mir just nach op een obligatoreschen Avis aus dem Gesondheetsministère, an d’Reglement kéint vum Gemengerot gestëmmt ginn. Mir hunn an dësem Kader d’Geleeënheet genotzt, fir dat komplett Kierfechtsreglement ze iwwerschaffen. Am Kader vum kompletten Reamenagement vun der Méchelbucher Strooss gëtt um Butzebierg nach e Naturparking amenagéiert mat enger ëffentlecher Toilette.

 

Landwirtschaft a Landschaftsfleeg gehéiren zesummen. Zesumme mat de lokale Bauerebetriber an dem spezialiséierte Naturschutzsyndicat SICONA (Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature) setze mir eis fir eng aktiv Landschaftsfleeg an. Mir wëllen de Respekt virun der Natur an der Aartevillfalt, respektiv d’Erhalen an d’Schafe vu natierleche Liewensraim verbesseren. Eis Gemeng ass a bleift e staarke Partner vum SICONA wou sëlleg Projeten ëmgesat gi sinn, wéi z.B. d’Fiichtgebitt op der Dellener Strooss.


Entsuergung a Klärung vun den Ofwässer. D’Gemeng Mäerzeg ass zënter 2002 Member vum interkommunalen Ofwaasser-Syndikat SIDEN (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du Nord). Enorm Investitioune sinn déi lescht zing Joer an d’Ofwaasserinfrastrukture gemaach ginn. Mir engagéieren eis, an enkem Kontakt mam SIDEN, fir ee konsequente Suivi ze maache fir den Ënnerhalt vun dësen Infrastrukturen, virun allem d’Reeniwwerlaafbecken.
 

Nei Kläranlag. Déi nei interkommunal Kläranlag fir d’Gemengen Groussbus, Mäerzeg a Feelen ass de 7. Abrëll 2023 feierlech ageweit ginn fir eng modern an zäitgeméiss Ofwaassergestioun kënnen ze garantéieren. Déi al Mäerzeger Kläranlag tëscht der Colmerstrooss an der Industriezon ass elo definitiv ausser Betrib a gëtt dank der exzellenter Zesummenaarbecht mam SIDEN zréckgebaut an den Terrain sanéiert.

Projet „Zéro Mégot“. Mir hunn de Projet „Zéro Mégot“ lancéiert an op de meeschtbesichte Plazen nei Äschebecheren installéiert. D’Zigarettestëmp ginn an dëse speziellen Äschebecheren recycléiert an entsuergt. Net nëmme gëtt doduerch eis Gemeng an d’Natur manner verknascht, mee mat dësem Offall kënnen herno z.B. Outdoor Bänken hiergestallt ginn.

Aktioun „Gielt Band“: hei ass plécken erlaabt. Als Anti-Gaspi Gemeng hu mir bei der Aktioun „Gielt Band“ mat gemaach déi de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mam Syvicol an d’Liewe geruff huet. All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. D’Uebstbeem déi Deel vun der Aktioun sinn, stinn am ëffentleche Bongert an der „Säitert“. Hei fënnt een Äppel-, Biere-, Quetsche, Kiischten- an Mirabellebeem wou d’Gemeng d’Uebst offréiert.

En Uebstbam fir all Stot. Am Kader vum “Nationalen Dag vum Bam” offréiert d’Gemeng zënter 2020 all Joer all Stot en Uebstbam fir bei sech doheem am Gaart ze planzen. Duerch dës Aktioun kënne mir all zesummen d’Biodiversitéit verbesseren.

Reewaassernotzung optiméieren. Bei Sanéierungen a Neibauten vu kommunalen Infrastrukture plange mir systematesch Reewaassernotzungssystemer mat an.

Offallentsuergung. De SIDEC (Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets) huet 2020 no jorelaanger Preparatioun mat all senge Membergemengen eng Neiorganisatioun vun der ëffentlecher Offallsammlung 2020 ëmgesat. Ënnert dem Slogan „Manner eliminéieren, méi recycléieren“ weist dës Reform immens positiv Resultater a mir kënnen all zesummen duerch eng korrekt Offalltrennung dozou bäidroen dass eis Ëmwelt manner belaascht gëtt. Den traditionellen Offallkalenner gestalte mir weiderhin maximal informativ an iwwersiichtlech.

Sammelplaz „Butzebierg“. A Kollaboratioun mam „Forum pour l’emploi“ steet déi kommunal Sammelplaz Butzebierg de Bierger gratis zur Verfügung fir Huelglas, al Kleeder, Elektroschrott an de Gréngschnatt. Am Kader vum kompletten Reamenagement vun der Méchelbucher Strooss hu mir festgehal dass Reseauen (Waasser, Kanal, Stroum) op de Site geluecht ginn fir eise klenge Recyclingspark ze optimiséieren a fir z.B. an eng Kartongs-Press ze investéieren. Déi ganz Plaz gëtt och komplett macadamiséiert fir esou iwwert d’ganz Joer eng propper Infrastruktur kënnen unzebidden.

 

6. ENG RESPONSABEL FINANZPOLITIK

Programm: Project
Mertzig 23-1-22.jpg

Dëse Bilan a Programm sinn de Beweis: den Invest ass héisch, awer noutwendeg. Fir der rasanter demographescher Entwécklung aus de leschten 20 Joer Rechnung ze droen ass d’Gemeng verflicht an d’Infrastrukturen ze investéieren.

Mir hunn am Ufank vum Mandat eng déifgräifend Finanzanalys gemaach. Tëscht 2005 an 2017 huet d’Gemeng virun allem an d’Ofwaassergestioun an déi nei interkommunal Kläranlag investéiert iwwert Eegekapital an d’Reserven (4,6 Milliounen € fir déi dräi Retentiounsbecken (RÜB) zu Mäerzeg an 18 Milliounen € fir „travaux communs“). Direkt am Ufank vum Mandat 2018 hu mir e gréisseren Emprunt vun 3,5 Milliounen € missten ophuelen fir oppe Rechnungen ze bezuelen. Vun 2019 bis 2022 sinn Emprunts an Héischt vun 13 Milliounen € dobäi komm. Déi aktuell Schold vun der Gemeng läit bei ronn 15 Milliounen €. Am Budget 2023 hu mir een Emprunt vu 5,5 Milliounen € virgesinn deen am Prinzip am leschten Trimester vum Joer oder Ufank 2024 gezu gëtt. Dat hänkt dovunner wéi am Laf vum Joer d’Aarbechten an der Méchelbucher Strooss an um Schoulchantier viru kommen.

Et war séier kloer dass déi noutwendeg Investitiounen fir d’Zukunft vun eiser Gemeng nëmmen duerch gréisser Emprunts an de nächste Joren realiséiert kéinte ginn. Mir hunn eis mat der Finanzdirektioun vum Inneministère un een Dësch gesat fir de komplette „Screening“ ze maachen. Mir loossen eis beroden an der Opstellung vun de „Plans pluriannuels financiers“ (PPF) wou d’Gemeng mëttel- a laangfristeg seng Investitiounen plangt fir esou de kompletten finanziellen Iwwerbléck ze hunn, ëmmer am Aklang mat der Gesetzgebung, der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land an der Ënnerstëtzung vum Staat am Kader vun der järlecher Dotatioun déi sech dëst Joer, 2023, fir eis Gemeng op 9,2 Milliounen € bezitt. Dobäi kommen staatlech Subventiounen vun de verschiddene Ministèren wou d’Gemeng systematesch ufreet an der Realisatioun vun de groussen Infrastrukturprojeten.

D’Gemengefinanze ënnersti strikte Reegelen, besonnesch fir d’Opnam vu neie Scholden. Mir verweisen hei fir d’éischte Kéier an dësem Bilan a Programm op eng prezis Gesetzesbestëmmung. Den Artikel 118 vum ofgeännerte Gemengegesetz seet: “L’administration communale peut recourir au crédit pour financer des dépenses extraordinaires si un autre financement n’est ni possible ni économique et si le remboursement régulier des annuités est assuré.” A mir zitéieren d’Inneministesch an d’Finanzministesch a enger gemeinsamer Äntwert op d’parlamentarech Fro n° 7374: „D’Annuitéit entsprécht der Zomm vun den Zënsen an dem Remboursement vun der Schold op ee Joer gekuckt. Doduerch, datt d’Annuitéiten iwwert de Fonctionnementsbudget vun enger Gemeng bezuelt ginn, ass garantéiert, datt d’Gemengen net an eng Scholdespiral gerode kënnen. Déi sou erlaabte Schold déngt exklusiv dem Finanzement vun Infrastrukturen. Si gëtt enger Gemeng och nëmmen dann accordéiert, wann d’Gemeng den Emprunt iwwert hiren eegene Fonctionnementsbudget zeréckbezilt. (…) Den Inneministère féiert keng Statistik iwwert d’Pro-Kapp-Verschëldung vun de Gemengen. Eng Gemeng kritt hiren Emprunt net op Grond vun hirer Awunnerzuel geneemegt, mee well se kapabel ass, d’Schold zeréckzebezuelen.“

Mir engagéieren eis dass mir, an enker Zesummenaarbecht mam Inneministère, d’Gemengefinanzen och déi nächst Joren responsabel verwalten fir beschtméiglech an d’Zukunft vun eiser Gemeng an de kommende Generatiounen ze investéieren.

bottom of page