M-TEAM.LU

IMPRESSUM
Éditeur responsable: m-team.lu
Photo credits: levygraphie.lu, sergiobandeiras.com, m-team.lu

  • Facebook Social Icon

©2017 by m-team.lu. Proudly created with Wix.com

Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017

Élections communales du 8 octobre 2017

M-team.lu - Ee Neiufank fir Mäerzeg

M-team.lu - Un renouveau pour Mertzig

  • Facebook Social Icon

EE NEIUFANK FIR MÄERZEG

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Léif Wielerinnen a Wieler,


E Sonndeg, 8. Oktober 2017, wielt Dir ee neie Gemengerot, besteeënd aus ning Memberen, deen dann déi nächst sechs Joer Mäerzeg verwalt an Är Intressie vertrëtt. Mir sinn eng Equipe vu ning Fraen a Männer - wéi d’Unzuel vun de Stëmmen déi Dir maximal kënnt verginn - déi sech forméiert huet mat engem gemeinsamen Zil: Äert Vertraue gewanne fir eng Majoritéit am nächste Gemengerot ze stellen.


Mir proposéieren eng aner Manéier fir Politik ze maache mat virun allem engem méi korrekten Ëmgang: ënnerteneen, mat Iech, mat eisen Noperen. Mir hunn eng aner Approche wéi d’Politik op lokalem Plang funktionnéiere kann a proposéieren Iech een innovative Programm dee mir mat Ärer Hëllef wëllen ëmsetzen.


Kommunikatiounstechnesch huet Mäerzeg vill Defiziter déi mir behiewe wëllen. Mir fuerdere lokal Demokratie. De Bierger huet ee Recht regelméisseg, ausféierlech an objektiv iwwert déi politesch Aktivitéiten oder Projeten vu senger Gemeng informéiert ze ginn.


Eng vun eise Prioritéiten ass och den Dialog mam Schoulpersonal erëm hirzestellen.

 

D’Traditioune wëlle mir bäibehalen, awer iwwerdenken fir se un déi haiteg Zäit unzepassen.


Mir wëllen eng Gemeng op déi seng Awunner houfreg kënne sinn: eng liewenswäert Gemeng mat enger kompletter Offer vun Infrastrukturen, mat dynameschen, kultur- a sportbegeeschterte Veräiner fir Jonk an Al, enger intakter Natur mat flotte Spadséier- a Velosweeër an enger adequater Offer vun Déngschtleeschtungen.

 

D’Gemeng Mäerzeg huet an de leschte Joerzéngten eng impressionnant Entwécklung duerchgemaach. Bannend drësseg Joer huet d’Awunnerzuel sech méi wéi verduebelt mat aktuell iwwert 2.100 Bierger. Mir sti fir ee méi qualitative Wuesstum deen déi besteeënd Infrastrukture mëttel- a laangfristeg berücksichtegt an déi sozial Kohäsioun net beanträchtegt.

​

Energieteschnesch soll d’Gemeng um leschte Stand vun der Entwécklung sinn.


D’ëffentlech Gelder kënne besser genotzt gi fir mat manner méi ze maachen.

 

Op de nächste Säiten kënnt Dir Iech een Iwwerbléck verschafe vun eisem ëmfangräiche Programm. Eis Equipe ass sech de villen Erausfuerderunge bewosst an ass bereet fir se unzepaken. Mir zielen dofir op Är Ënnerstëtzung a soen Iech Merci fir Äert Vertrauen.

 

Isabelle CONZEMIUS, ép. ELSEN -  Stefano D'AGOSTINO - Fernando FERREIRA - Myriam HANSEN, ép. HOLZEM - Cathy MEURISSE, ép. HOFFMANN - Mike POIRÉ - Pit RASQUÉ - Patrick WANTZ - Mady WEBER, ép. BORMANN

Programm
Portraiten
Virwuert
Home